Aarbechte fänken 2023 unEn neit Direktiounsgebai fir d'CFL op der Gare

RTL Lëtzebuerg
Et ass geplangt, dass dat neit Gebai op déi selwecht Plaz kënnt wéi dat aalt, nämlech op d'Place de la Gare.
© CFL

Al an nei sollen am neie Gebai matenee verbonne ginn. Deeler vum historesche Gebai sollen erhale bleiwen an an den neie Projet mat afléissen. E Projet, dee solidarwirtschaftlech an och technologesch héich modern soll sinn, heescht et weider an engem Communiqué. Am neien Direktiounsgebai soll Plaz si fir 1200 Leit.

2023 sollen d’Aarbechten ufänken an 2026 soll d’Gebai fäerdeg sinn. Wärend de Chantiersaarbechte ginn d’Mataarbechter relogéiert.

PDF: Communiqué

Back to Top
CIM LOGO