Ukrainesch RefugiéenEn neit Doheem an der Nout

Diana Hoffmann
Wéi de Krich ausgebrach ass, si vill Ukrainer bei Privatleit ënnerkomm. Net bei jidderengem huet dat gutt funktionéiert. Anerer liewe bis haut zesummen.
Ukrainesch Refugiéen - En neit Doheem an der Nout
Wéi de Krich ausgebrach ass, si vill Ukrainer bei Privatleit ënnerkomm. Net bei jidderengem huet dat gutt funktionéiert. Anerer liewe bis haut zesummen.

Et si 6 Méint hier, zanter datt de Yehor Smyrnov bei der Famill Faber erageplënnert ass. An der Ukrain huet hien zu Kiew gelieft a Computerwëssenschafte studéiert. Bis dohinner ass säi Liewe gutt verlaf. Du koum de Krich.

Et muss ee verstoe wat dat deen Ament fir e Jong a mengem Alter bedeit”, seet den 23 Joer ale Student. Hien huet seng Zukunft a Gefor gesinn an de Risk an d’Arméi agezunn ze ginn. D’Ukrain géing awer gutt ausgebilte Leit brauchen.

Op Lëtzebuerg ass hien net duerch Zoufall komm. Zesumme mat sengen Elteren huet hien d’Land gewielt, well en hei déi bescht Chancen hätt. Mat dëser Iddi ass hien an ee vun de sëllege Busser geklommen, déi Ufank Mäerz Leit un d’Grenz vun der Ukrain siche gefuer sinn. Ukomm ass hie schliisslech bei der Famill Faber. Do fillt hie sech wuel.

“Et ass net vill anescht, wéi dat wat mir zu Kiew hunn”, seet den Yehor Smyrnov. Just an engem Haus ze wunnen, wier fir hie scho besonnesch.

“Wa mir an deem Fall wären, da wiere mir och frou wa mer bei eng Famill kéinten”, erkläert d’Monique Faber. Well hier 2 Meedercher am Ausland op der Uni sinn, war Plaz am Haus. D’Zesummeliewen an der Famill géing gutt klappen. Esou gutt, datt een och schonn zesummen an der Vakanz war.

Eng änlech gutt Erfarung zu Lëtzebuerg huet och d’Olha Nikolaiuk gemaach. Am Abrëll hu Si an hire Bouf vu 16 Joer d’Ukrain Hals iwwer Kapp verlooss. Just e puer Kleeder, eng Bibel an e Skateboard hate si dobäi. Et ass Zoufall, datt si hei am Land ukomm sinn, a beim Geoff Thompson a senger Fra ënnerkomm sinn. Och si hate Plaz an hirem Haus, well d’Kanner schonn ausgezu sinn. “Et ass wuel just Chance, datt et Lëtzebuerg ginn ass”, seet d’Olha Nikolaiuk.

“D’Zesummeliewe mam Olha an hirem Bouf ass einfach”, fënnt den Geoff Thompson. Ma d’Olha Nikolaiuk betount och, datt d’Liewen an der Famill villes fir si vereinfacht. Bei villem géinge si Hëllef kréien, an esou och d’Kultur an d’Land méi no bruecht. Virun hirer Flucht huet d’Famill an engem Appartement eng 100 Kilometer vun der Haaptstad Kiew ewech gewunnt. D’Olha Nikolaiuk war Léierin. Elo schafft si als Serveuse, fir Suen ze verdéngen.

Et ass a béide Fäll eng Cohabitatioun, déi aus der Nout entstanen ass. Wéi laang se nach dauert, weess keen. Beit Famillje soen awer, hiert Haus wier esou laang fir d’Ukrainer op, wéi et néideg wier. An d’Dankbarkeet ass grouss: “Den Geoff a seng Fra sinn déi bescht Leit a ganz Lëtzebuerg”, seet d’Olha Nikolaiuk mat engem Laachen um Gesiicht.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO