
Fir d’Symptomer, mee och d’Traitementer kennenzeléieren, organiséiert d’Clinique du Diabète um internationalen Dag vun der Zockerkrankheet en Informatiounsdag am Spidol um Kierchbierg.
Produzéiert de Kierper quasi keen eegenen Insulin méi, féiert dat zu Iwwelzegkeet. D’Symptomer vum Typ 1 Zocker géingen dowéinst dacks mat deene vun enger Mogripp verwiesselt ginn, erkläert d’Dr. De la Hamette, Diabetolog an Endocrinolog an den Hôpitaux Robert Schuman.
Beim Typ 2 Zocker ass et awer esou, dass ufanks ze vill Insulin produzéiert gëtt, dësen awer ëmmer manner gutt kann opgeholl ginn. Duuscht, Middegkeet an dacks op d’Toilette mussen, sinn déi klassesch Symptomer, déi da beim Typ 2 Zocker optrieden. Da sollt ee sech am beschte Fall teste loossen. Gëtt d’Krankheet, am Fall vum Typ 2, fréi erkannt, kann ee se zum Deel duerch eng ugepassten Alimentatioun oder mat Medikamenter an de Grëff kréien, ouni dass zousätzlechen Insulin néideg ass. Anescht wéi beim Typ 1 Zocker, wou den Insulin noutwenneg ass, well en ebe quasi guer net vum Kierper selwer produzéiert gëtt.

Allgemeng gëllt bei Diabetes awer op d’Iessen opzepassen. D’Maria Duhr ass Infirmière an der Clinique du Diabète vun den HRS a réit de Patienten den Teller souzesoen an dräi ze deelen. Op der enger Hallschent vum Teller kënnt Geméis, déi zweet Hallschent gëtt nach emol gedeelt, esou dass op ee Véierel Kuelenhydrater kommen an um leschte Véierel Proteiner, wéi zum Beispill Fleesch, Fësch oder vegetaresch a vegan Alternativen.
Besonnesch wichteg wier et dowéinst och d’Famillje vun de Patienten ze beroden. Net nëmme fir den Alldag unzepassen. Mee besonnesch am Fall vun enger Komplikatioun wier et wichteg, dass d’Ëmfeld dat erkennt a weess, wat ze dinn ass. D’Clinique du Diabète sicht aktuell och e Psycholog, dee sur place d’Patiente berode kann. Eng chronesch Krankheet bedeit eng grouss a laangfristeg Ëmstellung. Dowéinst wier eng psychologesch Betreiung fir vill Patiente wichteg.
D’Dr. De la Hamette betount, dass et net een typesche Patient gëtt. D’Warscheinlechkeet Diabetes vum Typ 2 z’entwéckelen, géing och klammen, wa scho Familljemember zockerkrank sinn. An der Clinique du Diabète kann ee sech dozou informéieren an aschätze loossen, wéi héich de perséinleche Risiko ass.