
De Projet gouf e Mëttwoch an der Aktivitéitszon um Krakelshaff zu Beetebuerg presentéiert. E Prototyp gëtt et hei schonn op engem vun den Diecher. An Zukunft sollen da mat 4 Zären, déi zu Lëtzebuerg an der Belsch, Frankräich an an Däitschland gebaut solle ginn, ronn 54 Tonnen CO2-Emissiounen d'Joer gespuert kënne ginn.
Donieft hunn d'Zären op den Diecher awer och aner Impakter: d'Uebst an d'Geméis ass lokal ugebaut a muss net kilometerwäit transportéiert ginn. An och nei Aarbechte kéinten duerch sou Projeten entstoen. Um Daach vum Institut de formation sectoriel du bâtiment zu Beetebuerg soll an Zukunft eng Zär vu 500m2 entstoen. Fir den Direkter Bruno Renders war et evident, fir beim Pilotprojet matzemaachen.
Et géing hei ëm en Ëmdenke goen an d'Zil wier, ze weisen, datt et och méiglech ass, aner innovativ Weeër ze goen. Hautdesdaags kënnen d'Gebaier ënnert anerem Energie produzéieren, stockéieren a verdeelen.
Ouni de Finanzement vun der EU wieren déi 4 Projeten an de 4 Länner allerdéngs net méiglech. De Budget läit bei ronn 5 Milliounen Euro, wouvun iwwer d'Halschent vun der europäescher Unioun kënnt. D'Cheffin vun der permanenter Vertriedung vun der EU-Kommissioun, Yuriko Backes betount, datt et en Invest an d'Zukunft wier.
D'EU-Finanzéierung ënnerstëtzt net just de Bau vun de 4 Zären, mee och d'technesch Amelioratiounen oder e Coaching-Programm, an deem 10 Entreprisë geléiert ginn, wéi een Zäre baut a bedreift.