CaritasEnergie-Aarmut ass och zu Lëtzebuerg e reelle Problem, sou d'Carole Reckinger

Maxime Gillen
Mat den Energiepräisser, déi aktuell weider klammen, huet d'Caritas d'Regierung dozou opgeruff, Leit mat méi niddregem Akommes ënnert d'Äerm ze gräifen.

Och wa vill Leit sech dat net kéinte virstellen, wier Energie-Aarmut och zu Lëtzebuerg e reelle Problem, esou d'Carole Reckinger vun der Caritas am RTL-Interview.

Op Basis vun den Zuele vun 2019 schätzt d'Caritas, dass et aktuell zu Lëtzebuerg bal 20.000 Leit ginn, déi hir Wunneng de Wanter iwwer net adequat kënnen hëtzen, well si sech d'Energiekäschten dofir net kënne leeschten. Dofir wier et wichteg, dass grad an de Wanterméint kengem de Stroum géif ofgeschalt ginn. Och wann d'Regierung dat an der Vergaangenheet versprach hätt, wier dat trotzdeem ëmmer erëm geschitt. Dowéinst misst dann och d'Personal bei den Offices sociaux verstäerkt ginn, esou d'Carole Reckinger. Dëse Wanter kéimen nämlech eng ganz Rei Stéit derbäi, déi hir Rechnungen net kënne bezuelen.

Eng zweet Fuerderung vun der Caritas betrëfft d'CO-2-Steier. Am Prinzip wier d'Caritas fir esou eng Steier, ma dës misst awer sozial ausgeglach ginn. Mat der Hausse, déi am Januar 2022 usteet, misst de finanziellen Ausgläich och ugepasst ginn, fuerdert d'Carole Reckinger.

Extrait Carole Reckinger

De Statec hätt viru kuerzem eng Etüd gemaach, déi erginn hätt, dass d'Haussë bei der CO2-Steier keen negativen Impakt op déi äermste Stéit gehat hätten, well d'Regierung sozial Ausgläichsmesüren agefouert hat. D'Caritas fuerdert, dass dës Mesuren ugepasst ginn, wann am Januar d'CO2-Steier nach eng Kéier klëmmt.

Laangfristeg gesinn, missten d'Hëllefe vum Staat fir energetesch Sanéierunge fir Stéit mat manner Revenu accessibel gemaach ginn. Ausserdeem missten d'Leit besser iwwer hëllefräich Servicer informéiert ginn, wéi zum Beispill personaliséiert Energieberodungen oder Subventioune fir Apparater ze kafen, déi manner Energie verbrauchen.

Back to Top
CIM LOGO