
Eng Rei Betriber hätte Kontrakter ënnerschriwwen, déi iwwert e puer Joer ginn. Dowéinst kéinte si elo net vun der Präisbaisse profitéieren, huet d’Rapportrice Carole Hartmann vun der DP erkläert.
Besonnesch a Krisenzäite wier et wichteg, de Firmae Previsibilitéit ze ginn, huet den LSAP-Deputéierte Georges Engel ënnerstrach. D’Mesuren, déi vun der viregter Regierung geholl goufen, wieren och haut nach richteg, esou nach de fréiere Grénge Minister an elo Deputéierte François Bausch.
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet ervirgehuewen, dass ee senger Meenung no net dierft vergiessen, dass och Sanktioune géint Russland d’Energiepräisser affektéieren. Esou wéi och déi däitsch Energietransitioun, déi a sengen Aen e Problem ass. Zu dëser Analys koum souwuel vum Gréngen Deputéierte François Bausch, wéi och vum Piraten-Deputéierte Sven Clement Kritik. Et kéint ee kee Lien gesinn, huet et geheescht.
Déi Lénk hu preziséiert, dass si net géint d’Verlängerung sinn, ma wéi schonn an der viregter Legislaturperiod wier een och elo nach ëmmer der Meenung, dass Hëllefen u Konditioune sollte geknäppt sinn. Zum Beispill missten et Garantië ginn, dass Salariéen dann net kënnen entlooss ginn. Aus dësem Grond hu sech Déi Lénk enthalen. D’Gesetz gouf deementspriechend mat 58 Jo-Stëmmen ugeholl.
Den Energie- a Wirtschaftsminister Lex Delles huet an der Chamber nach emol de Bilan vun den Energie-Hëllefe gezunn a preziséiert, dass d’Betriber onbedéngt Previsibilitéit brauchen, fir och op internationalem Niveau konkurrenzfäeg ze bleiwen.
“Vun deenen initialen 375 Milliounen, déi virgesi waren, fir alleguerten déi verschidden Aide-Regimmer kënnen ze zerwéieren, si just op den Dag vum 21. Februar eng ronn 99 Milliounen och wierklech ofgeruff ginn. A wa mer vun all deene verschiddene Regimmer hei schwätzen, sinn et eng ronn 293 Entreprisen, déi Aidë kréien. Dat si ronn 2.400 Demandë fir déi Aiden, well ee Betrib iwwer e puer Méint natierlech kann déi Aiden hei ufroen.”
D’Verlängerung, déi en Dënschdeg gestëmmt gouf, gesäit vir, dass elo weider 27,7 Milliounen Euro virgesi sinn, fir den Entreprisë bei den Energiekäschten ënnert d’Äerm ze gräifen. Den DP-Minister geet awer dovunner aus, dass dës Zomm warscheinlech net esou staark sollicitéiert gëtt.