KonsumenteschutzEnergiepräisser musse gedeckelt ginn a schwaach Stéit gehollef kréien

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem dat fuerdert d'ULC an engem Schreiwes e Mëttwoch de Moien.
© AFP (Archiv)

De Konsumenteschutz fuerdert, datt d’Energiepräisser gedeckelt ginn an datt akommesschwaach Stéit kuerzfristeg Hëllefe solle kréien. An engem Communiqué de Moie schreift d’ULC, d’Präishaussen an de leschte Woche bei Bensin, Diesel a Gas, sou wéi och nach d’CO2-Steier, géinge fir Stéit, déi finanziell net sou gutt opgestallt sinn, zu engem grousse Problem ginn.

Vill Familljen hätten deck Rechnunge vum leschte Joer kritt a missten elo all Mount dat duebelt bezuelen. Si misste kuerzfristeg vum Staat gehollef kréien. Iwwerdeems sollt d’Regierung och driwwer nodenken, d’Energiepräisser ze deckelen, oder op d’mannst beim Gas en Eenheetspräis fir d’Wanterméint aféieren.

PDF: D'Schreiwes vun der ULC

Back to Top
CIM LOGO