Gläichberechtegung an EmanzipatiounEng 1.500 Leit beim Fraestreik an der Stad

Anne Wolff
D’Plattform "Journée internationale des femmes" hat am Kader vum Weltfraendag eng weider Editioun vum Fraestreik organiséiert.

Ass d’Thema Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg net scho laang kale Kaffi? Nee, soen d’Organisatricë vum Fraestreik. En Dënschdeg um Weltfraendag hu si op der Gare fir d’Fraerechter manifestéiert.

D’Fuerderunge vun der Plattform si kloer: D’selwecht Paie fir Mann a Fra, dräi Méint Congé de naissance fir all Partner an en Zeeche géint Gewalt géint Fraen a Meedercher. Der Police no sinn dofir eng 1.500 Leit en Dënschdeg op d’Stater Gare komm, fir ze streiken.

Dacks gouf dobäi de sougenannte Gender-Pay-Gap, also den Ecart an der Bezuelung tëscht Mann a Fra, genannt.

Rezent huet eng Etüd vun der Chambre des Salariés awer erginn: deen Ecart ass heiheem mat 1,4 % relativ kleng. Firwat also streiken? “Do gëtt ee wichtegen Aspekt ausgeblent”, sou d‘Michelle Cloos vum OGBL. Frae géinge vill méi dacks an Deelzäit schaffen, fir sech ëm d’Famill ze këmmeren, dat géing sech natierlech op d’Pensioun auswierken.

Och wann d’Maniff als Fraestreik ugekënnegt war, hunn och Männer sech solidaresch gewisen. D‘Gläichberechtegung géing schliisslech jiddereen eppes ugoen, zielt e jonken Demonstrant. De Streik ass symbolesch gemengt a war dofir och no der Schaffzäit. D’Leit si vun der Gare bis bei d’Plëss getrëppelt, Maniffe si jo lo och nees an der Stad erlaabt.

D’Corona-Pandemie hat och sozio-ekonomesch Konsequenzen, déi Frae méi staark ze spiere kréien, wéi Männer. Dat bestätegt eng Etüd vum LISER. Scho virun der Kris hätte Frae méi no Stot a Kanner gekuckt, en Trend, dee sech an de leschten zwee Joer verstäerkt hätt. De Risiko, d’Aarbecht ze verléieren, war fir Fraen och liicht méi héich.

Weider Informatiounen iwwert de Fraestreik fënnt een och op fraestreik.lu.

Eng 1500 Leit beim Fraestreik an der Stad
D’Plattform “Journée internationale des femmes” hat am Kader vum Weltfraendag eng weider Editioun vum Fraestreik organiséiert.

Stëmme vum Fraestreik / Reportage Dany Rasqué

Een Tour bei staark Fraen aus der Stad

Am Fong soll ee sech jo all Dag duerfir asetzen. Um 8. Mäerz gëtt et dann awer offiziell gemaach - sech agesat fir d’Rechter vun de Fraen. Um internationale Weltfraendag waren a sinn a ville Stied uechtert d’Welt Manifestatiounen, fir op d’Rechter vu Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen. Am Kader vun deem Dag huet de Luxembourg City Tourist Office hei an der Stad eng besonnesch Visite guidée organiséiert. De Circuit “Vies de femmes – Femmes légendaires”.

Een Tour bei staark Fraen aus der Stad
Am Kader vum Weltfraendag huet de Luxembourg City Tourist Office hei an der Stad eng besonnesch Visite guidée organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO