Etüd(On)-Gläichheete Männer a Fraen op der Schaff

Jean-Marc Sturm
Gläichheet tëscht Mann a Fra op der Schaff: Do bleift weiderhi Sputt no Uewen. Dat confirméiert eng nei Etüd vun der Chambre des Salariés.
© Shutterstock

Op Basis vun enger Enquête aus dem Joer 2018 huet een dokumentéiert, dass d’Männer heiheem 1,4 Prozent méi verdénge wéi d’Fraen. Domadder läit Lëtzebuerg un enger relativ gesinn, gudder zweeter Plaz bannent der europäescher Unioun, well do den Ecart iwwer 10 Mol méi héich ass.

Trotzdeem ginn et heiheem Inegalitéiten um Aarbechtsmaart. Ugefaange mam Taux d’Emploi jee nodeem, ob een e Mann oder eng Fra ass. Parallel ass et de Facteur Deelzäitaarbecht, déi mécht iwwert d’Hallschent vum Ecart aus, den Taux d’Emploi ëmmerhin nach 40%.

Dobäi steet Lëtzebuerg am EU-Verglach emol net esou schlecht do. Déi gréissten Diskriminatioun ass der Chambre des Salariés no d’Deelzäitaarbecht. Do fält eist Land am EU-Verglach an de leschten Drëttel.

1 vun 10 Männer heiheem sinn am Modus Deelzäitaarbecht. Bei de Fraen ass et iwwer een Drëttel.

Déi betraffe Frae setzen der Etüd no op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn, virop d’Kanner oder well se ee Familljemember musse betreien.

Bei de Männer nenne just 30% déi selwecht Grënn fir " à temps partiel” ze schaffen. Zu Lëtzebuerg schaffen d’Fraen an der Moyenne 25 Stonnen de Mount manner wéi d’Männer.

Et bleift wéi gesot Sputt no Uewen.

Etüd CSL Aarbechtsmaart / Reportage Jean Marc Sturm

PDF: D'Schreiwes vun der CSL

Back to Top
CIM LOGO