FréisengEng 20 Leit waren an eng Kläpperei verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Zwou Persounen, déi dertëschent gaange waren, hu sech duerno iwwer liicht Blessure beklot.
© Police 2017

Zu Fréiseng an der Beetebuergerstrooss gouf et e Samschdeg den Owend eng Kläpperei, an déi eng 20 Leit verwéckelt waren.

Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, haten d'Gemidder sech nees berouegt an d'Leit ware schonn heem gaangen.

Zwou Persounen, déi dertëschent gaange waren, hu sech iwwer liicht Blessure beklot. Si goufen op der Plaz vun Ambulanciere behandelt.

Back to Top
CIM LOGO