Déi meescht vun eis hunn de Feierdag e Méindeg warscheinlech mat hire Léifste verbruecht. E Luxus, dee ville Leit a Krisegebidder net méiglech ass. Dorop huet de Friddensmarsch an der Stad e Méindeg wëllen opmierksam maachen. Organiséiert gouf de Marsch vun der Friddensplattform an dem OGBL.
Keng russesch Truppe méi an der Ukrain, dat war eng vun de Fuerderunge vum Friddensmarsch op Ouschterméindeg an der Stad. Eng Komplett Demilitariséierung fënnt awer hei net jidderee realistesch, et kéint ee verstoen, dass d’Waffeliwwerunge fir d’Ukrainer déi lescht Hoffnung wieren, erzielt een Demonstrant. Et misst een och iwwert aner Konflikter schwätzen, esou eng aner Demonstrantin, well d’Situatioun a Palestina wier grad esou schlëmm an doriwwer géing net genuch geschwat ginn.
Déi aktuell Kris an d’Ofhängegkeet vu russeschem Pëtrol géing och weisen, wéi wichteg d’Transitioun op erneierbar Energie wier an dass d’Erreeche vun de Paräisser Klimaziler eng Prioritéit bleiwe misst, sot d’Lisa Urbany vu Youth for Climate.
D’Manif sollt an éischter Linn en Zeeche géint global Krise setzen, ma ganz ass een och hei net laanscht d’Nationalpolitik komm. Déi lescht Tripartite läit dem OGBL um Mo, esou de Frederic Krier.
“Et ass inakzeptabel, dass de Krich benotzt gëtt, fir hei zu Lëtzebuerg Sozialofbau ze bedreiwen a fir den Index ze manipuléieren, fir d’Leit och hei zu Lëtzebuerg ze splécken, fir Klengverdénger géint Mëttelverdénger auszespillen, fir Residentë géint Frontalieren auszespillen. Mir soen Nee zu sou enger Instrumentaliséierung vum Krich. Keen Ukrainer stierft manner, wann hei zu Lëtzebuerg den Index manipuléiert gëtt.”
Den onofhängege Gewerkschaftsbond hat als eenzeg Gewerkschaft de leschten Tripartitesaccord net mat ënnerschriwwen, well ee mam Verréckele vun enger méiglecher 2. Indextranche net d’Accord war.
De Friddensmarsch ass vum Glacis bis op den Hamilius getrëppelt. Der Police no waren eng 250 Leit um Rendez-vous.
D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert