Liewe mat AutismusEng 6.000 Betraffener ginn et zu Lëtzebuerg, ënnert hinnen dat klengt Ellie

RTL Lëtzebuerg
E Samschden ass Welt-Autismus-Dag. Et ass een Dag, wou international sensibiliséiert gëtt, fir dat Barrièren a Beréierungsängschte solle falen.
Liewe mat Autismus
Eng 6.000 Betraffener ginn et zu Lëtzebuerg, ënnert hinnen dat klengt Ellie.

Mir hunn eng Famill mat der Kamera begleet, wou eng vun den zwou Duechtere betraff ass. D’Ellie huet 6 Joer, a kann zum Beispill net schwätzen. Och aner kognitiv Aschränkungen huet dat klengt Meedchen. Ma et hätt ee geleiert, mat sengem Autismus ze liewen.

D’Ellie mécht ëmmer nees Fortschrëtter a senger Entwécklung, kann haut ënnert anerem och selwer goen, wat am Ufank net méiglech war. Seng Elteren hunn en Abléck an hiren Alldag an an hir Geschicht ginn, fir mam Tabu ze briechen. Mënschen um Spektrum sollen an Zukunft besser an eis Gesellschaft integréiert kënne ginn.

© Violetta Caldarelli / RTL

Back to Top
CIM LOGO