StatecEng Aarbechtsstonn zu Lëtzebuerg kascht méi wéi den EU-Duerchschnëtt

Carine Lemmer
Dem Statec no, ass d'Struktur vum Lëtzebuerger Emploi de Grond fir déi héich Käschten.

Eng Aarbechtsstonn kascht deier zu Lëtzebuerg.

39 Euro sinn et an der Moyenne, sou de Statec, dat ass däitlech méi wéi den EU-Duerchschnëtt vu 26 Euro a vun der Eurozon, wou et 30 Euro sinn. D'Schwäiz läit an Europa ganz vir mat 57 Euro, a Bulgarien par Konter kascht eng Aarbechtsstonn just 4 Euro, a Rumänien 5 Euro.

Dem Statec no, ass d'Struktur vum Lëtzebuerger Emploi de Grond fir déi héich Käschten. A Secteure wéi dem Bau oder der Industrie kascht d'Main-d'oeuvre awer hei am Land manner wéi an den Nopeschlänner. An der Constructioun sinn et 26 Euro. An der Industrie 34. Am Finanz- a Versécherungswiesen awer 71 Euro.

Back to Top
CIM LOGO