
A vill zefridde Gesiichter konnt een um Mëttwochowend bei der CSV an der DP kucken. Unanime wieren d’Käpp vun der neier Regierung an d’Inhalter vum Koalitiounsaccord bei béide Parteien ugeholl ginn.
Nei Leit mat neien Iddien, esou beschreift de Luc Frieden d’Ekipp vun den CSV-Ministeren um Mikro vum Mariette Zenners. Bei der CSV wier et ee bauen op d’Vergaangenheet mat ganz neien Accenten.
Op déi dach iwwerraschend Opdeelung vun de Ressorten äntwert de Luc Frieden, dee vun e Freideg un neie Lëtzebuerger Premier ass:
“Et ass ee bewosste Choix vu mir als Formateur gewiescht. Dat sinn extrem komplizéiert Dossieren, dofir fannen ech et gutt, dass en Dossier wéi d’Immigratiounspolitik vu béide Koalitiounspartner gedroe gëtt.”
D’Zil wier et och, dass d’Ministeren zesummeschaffen, de Rôle vum Regierungschef definéiert de Luc Frieden als een, deen d’Aktioun vun der Regierung koordinéiert a fir d’Eenheet vun der Regierung suergt.
Am Interview erkläert de Léon Gloden d’Decisioun, d’Immigratiounspolitik opzedeelen, esou:
“Ech freeë mech fir déi Aufgab zesumme mam Max Hahn ze maachen. De Max Hahn ass zoustänneg fir d’Strukturen ze fannen, fir déi Leit ënnerzebréngen an ech sinn dofir zoustänneg, dass déi Prozeduren esou oflafen, wéi se virgesi sinn. Wann da bis eng Decisioun gefall ass, entweder kann een hei bleiwen oder et muss een d’Land verloossen, datt déi Decisiounen och am Respekt vun der Mënschlechkeet vollzu ginn.”
Als Inneminister wéilt de Léon Gloden och d’Gemenge stäerken.
Och an der Logementspolitik wéilt een nei Weeër goen, esou de Luc Frieden. Neie Minister gëtt den Educatiounsminister Claude Meisch, deen zousätzlech och responsabel fir d’Landesplanung gëtt. Et wier en Engagement fir d’Kanner, dass déi sech och an Zukunft kënnen eng Wunneng leeschten, esou de Claude Meisch um Mikro vum Raphaëlle Dickes, iwwert d’Motivatioun, zwee déck Dossieren als Minister an Ugrëff ze huelen. Déi ganz Regierung géif a fënnef Joer dru gemooss ginn, ob een e Resultat kéint opweisen, dofir misst een den Dossier och als Ekipp ugoen:
“Besteierung, den Environnement, d’Gemengen, och um ekonomesche Plang, de Bausecteur, all dat musse mer beienee kréien, fir eng gutt Logementspolitik ze maachen, an dat ass meng Ambitioun.”
Dat ass eppes, wat vill vun de Membere vun der Regierung gesot hunn. A fir d’Elisabeth Margue, déi nei Justizministesch och eng Prioritéit.
“Och der Police verschidde Moyene ginn, fält och an d’Kompetenz vun der Justiz an dat wäert sécher eng vun den éischte Saache sinn, déi mer maachen.”
D’Elisabeth Margue gëtt zousätzlech delegéiert Ministerin vum Premierminister, chargéiert mat de Parlamentsrelatiounen a mat de Ressorte Medien a Kommunikatioun.
Bei der DP huet ee sech nach méi bedeckt gehalen a kaum inhaltlech Aussoe gemaach. Den Eric Thill sot, dass et och fir hie perséinlech eng Iwwerraschung gewiescht wier, elo Member vun der Regierung ze ginn. Als Kulturminister wéilt hie mat de Leit vum Terrain schwätzen, hie wier ee kommunikative Mënsch.
Eng weider Iwwerraschung bei der DP ass d’Stéphanie Obertin, déi réischt dës Woch gefrot gi wier. Si kritt d’Dossieren Digitalisatioun an Héichschoul. Op Prioritéiten ugeschwat, sot si dem Serge Pauly:
“Dir wësst, dass mer de Programm nach net prezis hunn, ech hunn zwar am Groupe de travail Santé matgeschafft, do sinn ech au courant, do sinn e ganze Koup Saachen dran, déi Digitalisatioun an d’Héichschoul betreffen. All déi aner Saachen, do muss ech emol de Programm kréien an da kann ech mech do dra schaffen.”
D’Martine Deprez fillt sech prett fir déi grouss Aufgaben, dat sot d’Mathésproff, déi um Mëttwoch schonn éischte Klassen Äddi gesot huet, dem Caroline Mart am Interview. Wéi si mam Formateur Luc Frieden geschwat huet, wier ee séier zum Schluss komm, dass d’Santé an d’Securité sociale nëmme schwéier ze trenne wieren:
“Ech war iwwer 10 Joer an der Securité sociale an der Inspektioun aktiv, dat heescht ech kennen déi ganz Finanzéierungssäit an hunn och deelweis do scho matkritt, datt de Santésberäich ëmmer muss mat ofgedeckt ginn.”
Och als Member vum Staatsrot hätt si an de leschte Jore vill Santésdossiere suivéiert.