Um Kierchbierg gëtt am Moment eng Annexe gebaut, déi, wann alles gutt geet, am September nächst Joer kéint operationnel si fir eng nei Jugendpsychiatrie. Kee Luxus, mee eng Noutwendegkeet, wéi d’Caroline Mart vun den zoustännegen Dokteren um Schantjen erkläert krut.
Dëst Gebai wäert et endlech erlaben, esou ze schaffen, wéi d’Patienten dat brauchen: getrennt, no hire Besoinen, well wéi am Moment nach 23 Patienten enk openee behandelen, schaaft just onnëtzt weidere Stress.
“Patienten, déi méi aggressiv sinn an déi, déi méi zréckgezu sinn, méi emotional gestéiert sinn, dat verdréit sech net, mir hu ganz vill Schwieregkeeten a Konflikter, och Problemer an der Akzeptatioun vun deene Patiente vum Openthalt, déi do an enger schwiereger Situatioun sinn, dofir geduecht, net just ons baulech opzedeelen, och de Konzept unzepassen”, esou den Dr. Christopher Goepel.
D’Konzept ass Raum schafen, fir dass déi Jonk sech wuel fillen an differenzéiert behandelt ginn: eng akut Statioun fir déi éischt Prise en charge an d’Diagnos. Een zouene Stack fir Patienten, déi fir sech oder anerer eng Gefor bedeiten, zum Beispill akut suizidär sinn an ee Stack, op deem méi psychotherapeutesch geschafft gëtt, zum Beispill bei Depressiounen, Iessstéierungen oder Ängschten. De Besoin ass grouss, d’Zuel u Jonke mat Problemer klëmmt. “No eiser Erfarung ass et eng Tendenz, déi scho méi laang do ass, do ass beispillhaft Stress, Schoulstress ze nennen, awer mir gesinn och, dass déi Patienten, déi emotional Schwieregkeeten hunn, dass dat och duerch déi aktuell Kris verstäerkt gëtt.”
Wat d’Covid-Kris jo och verstäerkt, ass de Manktem u Personal an de Spideeler. Psychiateren hu schonn Alarm geschloen, woubäi an der Jugendpsychiatrie nach 3 bis 4 Mol sou vill Personal néideg ass. Kanner a Jonker si keng Erwuessen, weder kierperlech nach psychesch.
“An der Jugendpsychiatrie ass et net ee Patient, do ass et 1 Patient plus seng Geschwëster, säi Papp, seng Mamm, plus Schoulmeeschtesch, plus Educateuren, plus Foyer, sou dass et an der Jugendpsychiatrie net ee Patient just ass, mee 6 oder 7 Leit, déi ee muss en Charge huelen an dat mécht alles aus am Personal, déi ee muss en charge huelen.”, esou den Dr. Jean-Marc Cloos.
Dat sinn och net just Psychiateren, well et gëtt och nach de pedagogesche Volet, et si Schoulklassen, Ergotherapie an e Sportssall virgesinn. Et gëtt net just mam Gesondheets-, mee och dem Educatiounsministère zesummegeschafft, sou dass wéi op de Covid-Intensivstatioune gëllt: déi bescht Infrastruktur daacht näischt, wa keen do ass, fir se ze bedéngen.
“D’Hardware, déi mir hunn, déi ass excellent, do soe mir och de betreffende Ministèren, déi do matgehollef hunn, Merci, mee lo feelt et nach, dass mir eng gutt Software kréien fir dran, a wa mir déi kréien, da kënne mir hei zu Lëtzebuerg och eng anstänneg Jugendpsychiatrie ubidden.”