
Eng Persoun war bei deem Brand verwonnt ginn. Nieft dem Rettungshelikopter war den Ettelbrécker Samu am Asaz, d’Ambulanz Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeë vun Housen, Pëtschent a Clierf.
Géint 16 Auer ass tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff eng Camionnette op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Beefort an d’Iechternacher Ambulanz.