“Mir mussen dëse Wanter spueren. Dat hei ass séier ëmzesetzen an d’kascht och nach esou gutt ewéi näischt”, seet den Daniel Gliedner, Liichtberoder am Naturpark Our. Fir verschidde Gemenge mécht d’Stroossebeliichtung 20% vun hirer elektrescher Stroumrechnung aus, dofir huet d’Ausschalte vun de Luuchten en direkten Afloss op den Energieverbrauch. Hien rechent mat ongeféier 30% Energieerspuernis pro Joer um Poste Stroossebeliichtung, wann d’Gemengen d’Recommandatioun vun der Campagne “Zesumme spueren” ëmsetzen d’Luuchten an der Nuecht tëscht 1 a 5 Auer moies ausschalten. Einfach op e Knäppchen drécken an d’Luuchten ginn aus, kann een den Ament awer net. Nach net. An de meeschte Gemengen am Land muss d’CREOS d’Ëmprogramméierunge virhuelen an op Smartmeter ëmbauen. Dofir probéieren hier Equippen an engem Dag all d’Schief vun enger Gemeng ëmzeprogramméieren. Et erwaarden si honnerte vu Schief, wann di meeschte Gemengen am Land matmaachen. De grousse Virdeel: Doduerch gëtt et an Zukunft méiglech, op Distanz d’Luuchten esou un an aus ze schalten, wéi d’Gemeng sech et wënscht.
D’Virstellung, dass et matzen an der Nuecht ganz däischter ronderëm d’Haus an op der Strooss ass, gefält net all Mënsch. D’Police berouegt an erwaart keen bis e ganz geréngen Effet op d’Kriminalitéit.
“A Punkto Abréch bei Haiser soe mir säit längerer Zäit de Leit, dass et drëms geet, dass d’Haus selwer bewunnt muss wierken, fir Abréch virzebeugen. Dat heescht, d’Beliichtung selwer vum Haus ass méi wichteg wéi d’Stroossebeliichtung ronderëm d’Haus. Dobäi kënnt, dass statistesch gesinn sinn och di allermannsten Abréch an der Nuecht sinn, mee di meeschten Abréch sinn daagsiwwer oder an de fréien Owesstonnen, well d’Abriecher dovunner ausginn, dass Nuets d’Leit doheem sinn”, seet de Frank Stoltz, Direkter Kommunikatioun vun der Police Grand-Ducale.
D’Alternativ zum kompletten Ausschalte vun de Luuchte sinn LED-Luuchten déi ee kann dimmen a wou een op dës Manéier schonn Energie spuert. De Liichtberoder Daniel Gliedner seet dass an dem Beräich Stroossebeliichtung genau esou eng Revolutioun di lescht Jore war wéi am Beräich Handytechnologie. “Eis LED-Stroosseluuchte fänken un, ëmmer méi intelligent ze ginn an erlaben eis esou, dat ze beliichten, wéini et beliicht muss ginn an an deem Mooss, wéi et beliicht muss ginn.” Pilotprojete mat Stroosseluuchten déi Sensoren hunn a just dann uginn, wann ee laanschtgeet oder fiert.