
Hir Politik wier op Präventioun a Jugendaarbecht axéiert, ma och dorop, der Police Moyennë ze ginn an de Justizsystem ze moderniséieren.
Bei der Pressekonferenz vun der CSV rezent goufen dës Approche als “Kuschelpolitik” kritiséiert. Dozou d’Co-Parteipresidentin Djuna Bernard.“Au Contraire, mir hunn eng Visioun fir en anert an e bessert Zesummeliewen a Rechts- a Sécherheetsverständnis an eisem Land. Wat fir eis wichteg ass, ass natierlech d’Personaleffektiver an och déi ganz Aarbechtskonditioune vun der Police ze verbesseren. Mir stellen awer och fest, dass et ganz einfach ass, déi dote Constaten ze maachen, wann een iwwer Joren a Joerzéngten och do an der Verantwortung war an et verpasst huet, d’Ressourcen esou opzestocken, wéi mer se elo brauchen.”
Bei der CSV kéim doriwwer eraus de Sujet vun der Preventioun ze kuerz, sou d’Kritik zréck. Ausserdeem fënnt een et bedenklech, dass géing Polemik bedriwwe gi mat emotionale Sujeten, wéi der Jugendkriminalitéit. D’Chifferen hei wieren nämlech stabel, sou de Co-Parteipresident Meris Sehovic.