
Vertrieder vun de jonke Sozialiste, deene jonke Gréngen, vun déi jonk Lénk a vun de jonke Piraten hunn eng 180-Grad-Kéier an en Enn vum Heescheverbuet an der Stad, dat de 15. Dezember zejoert a Kraaft getrueden ass, kritiséiert.
Wéi de Max Molitor, Spriecher vun de Jonke Sozialisten um RTL-Mikro erkläert, géife sech den Inneminister an d’Stater Buergermeeschtesch iwwer d’Justiz ewechsetzen: “Mir hunn mat dem Inneminister Léon Gloden a mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer zwee Leit, déi d’Geriichtsurteel an domat och d’Justiz net méi unerkennen. Fir eis ass et nieft der politescher Decisioun, ob en Heeschtverbuet elo gutt oder schlecht ass, ass dat en Ugrëff op eise Rechtsstaat an domat och op eis Demokratie.”
Déi Jonk Lénk fuerderen an deem Kontext esouguer de Récktrëtt vum Minister an der Buergermeeschtesch, wéi den André Marques erklärt: “Dowéinst fuerdere mir ganz kloer d’Demissioun, souwuel vum Här Gloden, wéi och vun der Stater Buergermeeschtesch. A wann d’Regierung entscheet, sech komplett dohannert ze stellen, da sollen déi och hiren Hutt zéien, well esou eng aktuell Staatskris kënne mer eis hei an engem demokratesche Staat net erlaben.”
Och déi Jonk Gréng wéilten an deem Dossier net labber loossen, wéi de Fabricio Costa erkläert: “Jo, et ass ganz sécher, mir wäerten net labber loosse bei deem heite Sujet, och wann de Premier vläicht mengt, dass et iwwerdriwwe wier. An eisen Aen ass et wierklech net iwwerdriwwen, wann een d’Rechtsstaatlechkeet komplett ignoréiert.”
An der Stater Märei gouf e Méindeg den Owend iwwer eng Motioun vun der LSAP, déi Gréng de Piraten ewéi och de Lénken diskutéiert. D’Fuerderung ass kloer: Den Artikel 42 am Stater Policereglement soll gestrach ginn. Den Debat war deelweis hëtzeg an et gouf schonn am Virfeld déi eng oder aner pickeg Remark géint d’Majoritéit. Vun deene Gréngen huet et geheescht, dass een d’Bierger mat Reglementer, déi net legal wieren, beléien an de Populismus weider fërdere géif. Et géif sech ëm eng Attack op de Rechtsstaat handelen an et fäert een, dass et de concernéierte Leit ouni d’Méiglechkeet heeschen ze kënnen, nach méi schlecht geet. Et wier eng zudéifst onmënschlech Mesure.
Buergermeeschtesch goung eegenen Ausso no mat engem rouege Gewëssen an dësem Debat. Verschidden Institutiounen hätten iwwert déi lescht Jore versot an déi organiséiert Heescherei zougelooss. Et misst een elo den néidegen Drock géint d’Organisatiounen hannendrun opbauen:
“Eng vun den Ursaachen, datt mir elo dat Reglement d’lescht Joer gemaach hunn, ass well mer eebe gehéiert hunn, datt zu Dikrech an zu Ettelbréck Reglementer geholl gi sinn, genau mat där hei “Teneur”. Dat heescht, wou net d’Mendicité allgemeng verbuede gëtt. Nee, Mol net, guer net. Mä op verschiddene Plazen an zu verschiddenen Zäiten. An, éierlech gesot, hu mer gesot: Mä da komm mer probéiere wéinstens vläicht, vläicht bréngt dat eppes zum Bewierken.”
D’Motioun gouf schliisslech mat de Stëmme vun der Majoritéit verworf. D’lescht Woch nach huet de Premier Luc Frieden preziséiert, dass déi responsabel Ministere gefrot gi wieren, déi legislativ Situatioun ze analyséieren an, wann néideg, am Kader vun enger Reform vum Code pénale ze klären.