Bausecteur"Eng Menace fir e ganze Beruffsstand"

RTL Lëtzebuerg
Sou beschreiwen d'Fédération des Artisans an d'Chambre des Métiers d'Situatioun am Bausecteur.

D’staatlech Interventioune wieren ze begréissen, mee kéinten de Manktem u privaten Investissementer am Bau net ausgläichen.

Duerfir gëtt och e Plan de Maintien dans l’Emploi fir déi ronn 20.000 Leit aus dem Gros-Oeuvre ausgeschafft, well et fir vill Firme 5 vir 12 ass a Faillitten Dausenden Aarbechtsplaze menacéieren. Elo ewell ass d’Zuel vun de Faillitten op engem Niveau ukomm, wéi net méi zanter 3 Joerzéngten.

Als staatlech Mesurë parallel zu dësem Plang, deen nach muss ausgehandelt ginn, fuerdert d’Handwierk eng méi flexibel Aarbechtszäit-Reegelung an en Energie-Wiessel, deen de Secteur ka verkraaften.

An der Fédération des Artisans sinn eleng aktuell eng 8.000 Betriber mat engen 100.000 Salariéeë regroupéiert.

Back to Top
CIM LOGO