DP-Fraktioun zitt Bilan"Eng mouvementéiert Legislatur"

Claudia Kollwelter
Fir d'éischt d’Covid Pandemie, dunn de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain. Déi Liberal kucken zefridden op de Krisemanagement vu Blo-Rout-Gréng zréck.
DP-Fraktioun zitt Bilan vun der Legislaturperiod
Fir d’éischt d’Covid Pandemie, dunn de russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain. Déi Liberal kucken zefridden op de Krisemanagement vu Blo-Rout-Gréng zréck.

D’Coronahëllefe fir d’Betriber an de Chômage partiel hätten d’Leit an der Aarbecht an d’Betriber iwwer Waasser gehalen an eng ekonomesch Relance no der Kris erméiglecht. Als weider wichtege Projeten, nennt den DP Fraktiounspresident Gilles Baum d’Solidaritéitspäck an déi sëllege Mesuren fir d’Energiekäschten an der Gitt ze halen: “Duerch déi Mesuren, déi mer geholl hunn (…) hu mer et fäerdeg bruecht, eis Inflatioun am Grëff ze behalen, wat jo alles positiv Konsequenze si fir d’Leit.”

Grouss ass awer de Regret, datt d’Finanze keng grouss Steierreform erméiglecht hunn. An enger nächster Legislatur wëll d’DP dës awer progressiv ëmsetzen, sollt een nach eng Kéier an d’Verantwortung kommen. Dat verséchert den DP-Deputéierten André Bauler: “Mir hunn dat schonn an dëser Legislaturperiod gemaach. Mir hunn et virgesinn fir 2024, wou mer d’Steiertabell jo och nees deelweis wäerten un d’Inflatioun upassen. Mir wäerte reegelméisseg versichen, d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepassen, dat ass dat eent. An da schrëttweis Entlaaschtungen erbäiféieren an engem Gesamtkonzept.”

DP wäert Gesetz vum “virage ambulatoire” matstëmmen

D’CSV hat d’DP opgefuerdert, d’Gesetz iwwer d’Medezin baussent de Spideeler dësen Donneschdeg an der Chamber net matzestëmmen. Dat wieren déi Liberal hire Wieler schëlleg, wann hir Rieden iwwer eng liberal Medezin am Land seriö gemengt wieren.“Mir wäerten de Gesetzesprojet matstëmmen. Et ass wierklech déi éischte Kéier, wou d’CSV der DP soe wäert, wat se ze maachen huet”, kontert de Gilles Baum.

De Gesetzesprojet 8009 wär fir d’DP en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, well en et erlabe géif, dezentral Strukturen baussent de Spideeler opzemaachen, déi d’Medezin méi no bei d’Leit géif bréngen. An der nächster Legislatur wëll d’Partei awer iwwer d’Limitatioun vu medezineschen Ekipementer diskutéieren: “Dat fanne mir zum Beispill net gutt. Bei der Mammografie zum Beispill si vill ze laang Waardezäiten, well net genuch Apparater do sinn oder well net genuch Dokteren dierfen Apparater hunn. Dat ass eppes wat eis uewe läit, do musse mer eng nei Ouverture kréien.”

Doriwwer eraus bedauert d’DP, datt de Gesetzestext fir Dokteren d’Méiglechkeet ze ginn, sech a Gesellschaften zesummenzedoen, dës Legislaturperiod aus Zäitgrënn net méi ka gestëmmt ginn.
Selbstkritik üübt d’DP da beim Logement. Engem Ressort, deen u sech dem grénge Koalitiounspartner ënnersteet. Virop beim ëmstriddene Loyersgesetz erkennen déi Liberal Verbesserungspotential. Do misst och besser no bausse kommunikéiert ginn, fir eng grouss Acceptanz bei de Leit ze kréien.

Déi grouss Defie vun der Zukunft sinn aus der Siicht vun der DP d’Steiergerechtegkeet an de Logement. Hei misst de Staat Besëtzer vu vill méi Mietwunnenge misst ginn. Ma och d’Efforte géint Klimakris, géif d’Politik nach déi nächst 100 Joer beschäftegen.

Back to Top
CIM LOGO