De Projet suergt awer scho fir Onrou an de Gemenge Steesel a Luerenzweiler.
De Projet soll d’Versuergung tëscht Lëtzebuerg an Däitschland iwwer 2030 eraus garantéieren. 2026 kéint déi nei Leitung stoen.
Déi nei Héichspannungsleitung soll vum däitschen Aach iwwer Tréier bis op Heeschdref gebaut ginn. Vun Heeschdref soll déi nei Leitung parallel zur Autobunn A7 den Uelzechtdall passéieren, dann iwwert de Steeseler Plateau op Bartreng verlafen. Fir de Buergermeeschter vu Luerenzweiler géif den Tracé vun der Leitung awer ze no laanscht Wunngebidder vun Aasselscheier an eben Luerenzweiler féieren.
Et sollen nei Masten mat enger Héicht vun 60 Meter opgeriicht ginn. Déi al 220-Kilovolt-Héichspannungsleitung tëscht Tréier an Heeschdref gëtt komplett ofgerappt. Well déi nei Leitung net méi iwwert bewunnten Terrainen féieren dierf, ass den Tracé vun der Leitung eng Erausfuerderung. Deemnächst gëtt eng Ëmweltimpaktetüd lancéiert fir ze kucken, wéi eng Léisung um Enn fir den Tracé zréckbehale gëtt.
Déi nei Leitung kéint 2026 stoen. D’Transformatiounsstatioun zu Heeschdref well d’Creos ofrappen a se um Heeschdrefer Bierg bei der A7 nei opbauen. De Buergermeeschter vu Steesel versteet awer net, firwat dës Statioun soll 12 Hektar grouss sinn, also däitlech méi grouss ewéi déi al Anlag.
Béid Gemenge fuerderen dann och, datt een Deel vun der neier Leitung ënnerierdesch verluecht gëtt. Déi aktuell Leitung geet zréck op 60er Joren.
