Um DënschdegEng Partie Abréch uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie sinn Onbekannter zu Hamm an der Allée des Chataignes an e Baucontainer agebrach an hu Baumaterial geklaut.

Zu Zéisseng an der Rue de Cessange gouf aus engem Keller eng elektresch Trottinette geklaut. Virdrun hat den Abriecher d’Kellerdier opgebrach.

Donieft gouf et en Abroch an een Eefamilljenhaus an der Rue Dr. Welter zu Stadbriedemes.

Back to Top
CIM LOGO