
Nom déidlechen Accident beim Vëlostour “Schleck Gran Fondo” notéiert de CGDIS och soss eng ganz Partie Accidenter mat Blesséierten op eise Stroossen.
Zu Noumer ass e Cyclist gefall.
Zu Iewerleng sinn e Vëlo an en Auto kollidéiert.
Zu Diddeleng an och an der Stad si Foussgänger ugestouss ginn.
Zu Hesper ass en Auto an e Potto gerannt.
Um Riesenhaff sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.
Zu Wäiswampech hate sech en Auto an e Moto ze pake kritt.