E Samschdeg géint 12.20 Auer war de Cyclist aus der Belsch zu Kanech esou uerg gefall, datt hien nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen ass.

Tragescht Accident beim Vëlostour "Schleck Gran Fondo". Zu Kanech ass ee vun de Cyclisten e Samschdeg an der Mëttesstonn déidlech verongléckt.

Et handelt sech ëm en 73 Joer ale Mann aus der Belsch.

Obwuel d'Secouriste séier op der Plaz waren, ass de Mann nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen, heescht et vun der Police.

De Parquet gouf informéiert.

D'Course gouf nom Ongléck neutraliséiert an du ganz ofgebrach.

Eng 3.000 Participanteë waren dëst Joer bei der 6. Editioun vun der Schleck Gran Fondo mat dobäi.