

Virun allem wéinst dem Beruffsverkéier kéint et wärend de Stousszäiten zu längere Waardezäite kommen.
Wa frësche Schnéi fält, wéi dëst e Méindeg de Fall war, sinn d’Stroosse besonnesch rutscheg an d’Gefor fir Accidenter wiisst. Dat huet sech dann och nees bestätegt, well et gouf eng Partie Accidenter am Beruffstrafic, an an der Opfaart Schengen op d’A13 sinn z.B. zwee Camionen hänke bliwwen.