
Weider mellt de CGDIS nach en Accident en Donneschdeg de Moie kuerz no 6 Auer. An der Côte d’Eich krute sech e Bus an en Auto ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.
Am Laf vum Nomëtteg ass et uechter d’Land zu dräi Accidenter komm:
Kuerz no hallwer zwou sinn an der Areler Strooss zu Stroossen zwee Autoe matenee kollidéiert. Bei deem Accident goufen zwou Persoune blesséiert.
Um véierel op zwou gouf eng Persoun an der rue Principale zu Schëtter ugestouss a blesséiert.
Um 16.20 Auer koumen zu Angelduerf an der route d’Ettelbruck een Auto an ee Minibus net laanschteneen, hei gouf eng Persoun verwonnt.