Op engem Business Forum ware méi wéi 20 Lëtzebuerger Entreprisë present, fir sech mat de vietnamesesche Kolleegen auszetauschen an nei Kontakter ze knäppen. Mat dobäi war och de Luc Di Ribeiro vun de Lëtzebuerger Firma Tsume. Seng Entreprise ass op Manga a Comicfigure spezialiséiert an huet weltwäit e Succès. Nodeems en Deel vun der Produktioun a China net méi ka gemaach ginn, sicht hien hei am Vietnam no neie Partner. Virun zwou bis dräi Wochen huet hien déi éischte Kéier mam Vietnam Kontakt opgeholl, ass dunn spontan vum Forum Economique an der Visitt gewuer ginn an huet sech direkt dofir entscheet, op d’Plaz ze kommen. Perséinlech mat potenzielle Partner ze schwätzen, ass nämlech eppes ganz aneres wéi et via Telefon ze maachen, erkläert de Luc Di Ribeiro. “All Mënsch huet Teams, Skype oder aneres. Ma do sinn d’Gespréicher awer vill méi kuerz gehalen an et kënnt méi dréchen eriwwer. Kann ee perséinlech matenee schwätzen, spiert een d’Passioun an et erméiglecht engem, Vertrauen opzebauen, wat bei enger potenzieller Partnerschaft jo immens wichteg ass.”
Ma an dat huet um Freideg och direkt geklappt. D’Lëtzebuerger Entreprise Tsume huet en neie Partner fonnt, dee mengt, dass een den neie Site am Vietnam schonn a sechs Méint kéint en Place setzen. E Succès fir de Lëtzebuerger Produzent.
E Freideg de Moie mat dobäi waren awer och Lëtzebuerger Firmen, déi scho méi laang mam Vietnam zesummeschaffen. Zënter 1994 ass d’Entreprise B Medical Systems am Vietnam engagéiert. Bis 2021 hu si 31.000 Frigoen geliwwert, déi speziell dofir geduecht sinn, Vaccinen ze stockéieren. D’Killketten dierf nämlech net ënnerbrach ginn. Wann e Vaccin ze waarm oder ze kal gëtt, ass en net méi wierksam. Ëmmer rëm kënnt dat a méi aarme Länner fir. Dat mierkt een dann zum Beispill dorun, dass an enger Géigend zum Beispill vill Polio-Fäll an engem kuerzem Zäitraum opkommen, erkläert de Gilles Ries vu B Medical Systems.
Ma och wann dës Entreprise schonn hir Kontakter a Partner am Vietnam huet, ass esou e Business Forum fir si wichteg. “Elo, wou de Vietnam sech esou positiv entwéckelt huet, brauche si dës speziell Ënnerstëtzung net méi. Duerch eis Frëndschaft an dat Vertrauen, wat sech déi lescht bal 30 Joer entwéckelt huet, profitéiere mir vun eise Bezéiungen, fir aner Produiten an de Vietnam ze exportéieren. Si wëllen nämlech net ëmmer déi bëlleg asiatesch Apparater, mä setzen op qualitativ héichwäerteg Produiten, déi si da vun eis kréie kënnen”, sou de Gilles Ries.
Den Import an Export tëscht Lëtzebuerg an dem Vietnam huet sech jo immens positiv entwéckelt, wéi de Mëttelstandsminister Lex Delles, den Dag virdru scho betount huet. Ma esou e Business Forum kéint awer nach vill weider Dieren opmaachen.
