Lutte géint d'DrogekriminalitéitEng Persoun gouf festgeholl, et gouf Cannabis a Kokain saiséiert

RTL Lëtzebuerg
34 Gramm Kokain, 73 Gramm Marihuana, 21 Handyen, Boergeld an Drogenutensilie goufen an der Wunneng vum Dealer fonnt.
© Police

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf zu Bouneweg eng gréisser Drogekontroll duerchgefouert. Ganzer 20 Persoune goufen a verschiddene Bistroe kontrolléiert. 7 Persounen hu misste fir weider Kontrolle mat op de Policebüro. Bei engem Mann, deen hei och dobäi war, gouf Cannabis fonnt. Kuerz drop gouf eng Haus-Perquisitioun beim Verdächtegen ordonnéiert an déi ass och positiv verlaf.

© Police

Am ganzen 73 Gramm Marihuana, 34 Gramm Kokain, 21 Handyen, Boergeld, eventuell geklauten Objeten an Drogenutensilie goufen an der Wunneng vum Mann fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet e Mandat d'arrêt géint den Dealer ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO