
D’Police hat eng Enquête an d’Weeër geleet a konnt eng verdächteg Persoun ermëttelen. Beim Mann goufe Spueren, déi op d’Dot hindeiten, fonnt. Ausserdeem konnt e Messer séchergestallt ginn. Dee presuméierten Täter gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl a koum am Laf vum Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
D’Affer gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum duerno an d’Spidol.
Da mellt d’Police nach en Iwwerfall zu Wolz, wou véier Jonker ee weidere Jonke mat engem Messer menacéiert, säi Rucksak geklaut a sech deels mat engem E-Roller duerch d’Bascht gemaach hunn. An am Pafendall an der Stad gouf et e Mëttwoch de Mëtten e Sträit tëscht Jonken. Dobäi gouf eng Jugendlech an hire Bekannten zerklappt. Si krute Kopfhörer a Bores geklaut. A béide Fäll gouf eng Plainte gemaach an eng Enquête lancéiert.