112Eng Persoun ugestouss, zwee Gefierer an zwou Poubellen a Flamen

RTL Lëtzebuerg
An der Stad huet eng Camionnette an zwou Poubelle gebrannt, zu Ierpeldeng gouf eng Persoun ugestouss.
© RTL (Archiv)

Kuerz no 20.30 Auer um Mëttwoch den Owend gouf zu Ierpeldeng op der Sauer an der Rue Laduno eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert. Weider stoung géint hallwer 3 an der Rue Dicks op der Stater Gare eng Camionnette a Flamen. Et ass kengem eppes geschitt.

An zu Munneref, och an der Rue Dicks, hat kuerz no 18 Auer en Auto gebrannt. Och hei gouf kee blesséiert. Zwee weider Feier gouf et dann géint 3.15 a géint 4.50 Auer an der Stad. An der Rue Genistre respektiv dem Boulevard de la Petrusse huet all Kéiers eng Poubelle gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO