10. Gebuertsdag vun der "Traumschleife"Eng Randonnée fir seng 5 Sënner ze testen

Christophe Hochard
Op der 9-Kilometer laanger Streck zu Ohn sinn d'Participanten e Sonndeg op 4 verschiddene Stänn sou munches iwwer d'Géigend gewuer ginn.
Randonnée vun de 5 Sënner zu Ohn
Op der 9-Kilometer laanger Streck zu Ohn sinn d'Participanten e Sonndeg op 4 verschiddene Stänn sou munches iwwer d'Géigend gewuer ginn.

Déi Responsabel vum Office Régional de Tourisme Musel haten e Sonndeg op Ohn invitéiert. Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der "Traumschleife" gouf eng Randonnée organiséiert, bei där eis 5 Sënner getest goufen.

Um 9 Kilometer laange Parcours kruten d'Wanderer op 4 verschiddene Stänn een Abléck iwwer déi spezifesch Vegetatioun an iwwer d'Déieren, déi hei liewen, an zum Schluss gouf et eng flott Vue iwwer Ohn.

Back to Top
CIM LOGO