Quo vadis BiogasEng Reunioun ouni Chrëschtkaddo an ouni Äntwerten

Monique Kater
D’Biogasvereenegung freet kuerzfristeg Mesuren, en Ëmdenken, wat erneierbar Energien ugeet. Biogas géif anescht lafe wéi Fotovoltaik oder Wandkraaft.
© RTL-Archiv

"D’Biogasproduktioun ass déi eenzeg Spart vun den erneierbaren Energien, wou et Strofe gëtt, wann eng Anlag net genuch Leeschtung bréngt. Lëtzebuerg ass an deem Beräich dat eenzegt Land, dat déi europäesch Virschrëfte streng applizéiert. De Secteur gëtt vun der Regierung wéi e Stéifkand behandelt, an esou mécht eng Biogasanlag no där anerer zou!”

No dësen zimmlech schaarfe Kriticke vun der Biogasvereenegung vu viru gutt zwou Wochen am RTL-Journal, huet den zoustännege Minister Claude Turmes hir Vertrieder spontan op der Kierchbierg invitéiert. Doleancë vun de concernéierte Bauere si bekannt – an eng offiziell Reunioun steet eigentlech fir Mëtt Januar un. Firwat also dëse Rendez-vous? Wat erwaarde sech d’Bedreiwer vun de Biogasanlagen elo vun der Politik?

Quo vadis Biogas - E Reportage vum Monique Kater

Dëse Rendez-vous krute mer just, well d’Thema elo an de Medie war, mengt de Gast Welbes. Mä egal – si wieren natierlech frou, dass se dem Minister hir Uleies, respektiv Proposen d’lescht Woch nach eng Kéier konnten op den Dësch leeën, virun der annoncéierter Reunioun am Januar. An awer klengt se skeptesch, d’Ausso vum Vertrieder vun der Biogasvereenegung...

Gast Welbes:Et geet eis net drëms, ze kucken, wat an 2-3 Joer lass ass, mä déi bestoend Anlage kënnen iwwer Waasser ze halen. Ech hoffen, dass de Message verstanen ass, hunn allerdéngs geréng Zweiwel op Grond vun deenen Aussoen, déi komm sinn.

D’Biogasvereenegung freet also kuerzfristeg Mesuren, en Ëmdenken, wat erneierbar Energien ugeet, a virun allem e Versteesdemech dofir, dass Biogas anescht leeft wéi Fotovoltaik a Wandkraaft.

Gast Welbes:Eis eege Stoffer wéi Mësch a Gülle, déi um Betrib sinn, déi kënne mer net verwäerten, well déi net esou energieräich sinn ewéi Kären oder Nuddelen oder all organesch Stoffer, déi schonn héichwäerteg sinn... déi brénge méi Stroum. Wat eis um Häerz läit, mat dem bestoende reglementaresche Wierk, mat de bestoende Gesetzer: Si notze se net no hire Méiglechkeeten aus – ganz kloer Nee!...mir hätte gären, dass déi Strofen emol direkt ausgesat ginn.

...dat wier nämlech mam aktuelle Reglement ouni Problem ze realiséieren, behaapt de Gast Welbes. Eege Produkter net verwäerte kënnen, dofir héichenergetesch Stoffer mussen akafe goen – Nee seet d’Biogasvereenegung an Nee seet och de Jeff Boonen. Hie brauch kee Sputt fir déi al Anlag, déi ass hir virgeschriwwe 15 Joer gelaf an hie kann elo an eng nei investéieren. D’Energie-Bilanz vum Betrib, d’Nohaltegkeet géif duerch d’Anlag verbessert. D’Economie Circulaire à la Rifkin géif an der Landwirtschaft zum Alldag gehéieren, sou de Agraringenieur Boonen.

Jeff Boonen:Mir hunn definitiv och 3 schwiereg Joren hannert eis, wou et vir an hannen net duergaangen ass. Dofir hu mer awer elo de Schratt geholl – well mer optimistesch sinn an d’Zukunft, wéi de Gast sot. Et ass eng ganz kleng Anlag, déi benotzt virun allem Stoffer vum Betrib.

Eng nei Biogasanlag bedeit fir de Bedreiwer e méi héijen Aspeisetarif, wat d‘Elektrescht ugeet. Mat där Aler war dat net méi de Fall, erkläert de Jeff Boonen. D'Depense géingen dofir awer an d’Luucht...

Jeff Boonen: Et ass net wéi bei der Fotovoltaik – Dir investéiert a gitt 10, 15 Joer net drun, dir wäscht se an dann ass et dat. Hei fält all Joer eppes Neies un, et fiert eppes futti, mir hu Saachen do stoen, déi si nach keng 10 Joer al, déi mussen elo am Kader vun där Erneierung ersat ginn. Dat mécht wirtschaftlech kee Sënn, mä se mussen awer ersat ginn an drécken d’Käschten erëm an d’Luucht, vun der Erneierung.

D’Virdeeler vum Biogas wieren net all erkannt, de Betrib vun esou enger Anlag wier méi komplex wéi Eoliennen opriichten oder Fotovoltaik op en Daach installéieren. Gasspäicherung géif zum Beispill guer net genotzt, sou de fréiere Jongbauerepresident. D’Stroumproduktioun op dës Aart a Weis wier komplizéiert an dofir och méi deier. Fir kuerzfristeg optimal ze reagéieren, sollt een de Biogas aus der Energie eraushuelen, an an d’Verlängerung vum Agrargesetz mat eranhuelen. Dat gëtt ugangs 2021 gestëmmt. De Rescht wier eng Saach vu politeschem Wëllen.

Den Ament huet den Energieministère d’Tariffer a senger Responsabilitéit, ëm d'Investissementer këmmert sech den Wirtschaftsministère. Esou steet et am Koalitiounsprogramm, mä do steet awer och, dass eng Etüd gemaach soll ginn, déi bei Ausschaffe vun engem Gesamtkonzept fir de Biogas soll hëllefen a soll festhalen, wéi déi Produktioun par rapport zu der Lëtzebuerger Klima-, an Energiepolitik steet, erkläert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider. Déi Etüd wier an der Maach a soll am Januar fäerdeg sinn. Do ginn déi 3 Voleten, déi bei enger Biogasanlag spillen, gekuckt: Erneierbar Energieproduktioun, Klima- Loftschutz an d'landwirtschaftlech Produktioun. Aus de Resultater vun där Etüd muss da gekuckt ginn, wat een an Zukunft ka maachen an och u wéi ee Ministère et ugegliddert soll ginn. Am Regierungsprogramm steet, dass dat am Energieministère ass, esou de Romain Schneider. Och wann et am Energieministère wier, misst een et an den neien nationale Strategieplang abauen.

De Romain Schneider

Fir Mëtt Januar ass eng weider Reunioun tëscht Energieminister a Biogasvereenegung ugesat.

Back to Top
CIM LOGO