Couvre-feuEng roueg éischt Nuecht zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend um Punkt 23 Auer gouf de Couvre-feu agelaut. Eise Kameramann huet d'Stëmmung an der Stad an zu Esch agefaangen.
Premier couvre-feu au Luxembourg
Notre cameraman a capturé quelques moments de calme pendant les premières heures du couvre-feu au Luxembourg

De Couvre-feu soll hëllefen, d'Verbreede vum Coronavirus hei am Land anzedämmen. Tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies ass et deemno d'Consigne, doheem ze bleiwen.

E Freideg dunn déi offiziell Nuecht, an där et nawell e gutt Stéck méi roueg war. Vereenzelt eng Persoun oder mol en Auto, méi war net ze gesinn oder ze héieren.

Bis op een, deen de rouege Moment fir sech genotzt huet... e Fuuss.

Invité spécial avenue de la Porte-Neuve
Notre cameraman a capturé quelques moments de calme pendant les premières heures du couvre-feu à Luxembourg-Ville.

Back to Top
CIM LOGO