
Den OKAJU ass dofir der Meenung, datt ee virop iwwert eng obligatoresch Impfung fir d’Gesondheetsberuffer an déi Erwuessen an de Schoulen sollt nodenken.
Et misst een trotzdeem am Ae behalen, wéi d’Infektiounen an d’Hospitalisatioune vu Kanner evoluéieren, a wann néideg Mesuren en place setzen.
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher bedauert donieft, datt d’sanitär Mesuren an de Schoulen an den structures-d’accueuilen net gesetzlech festgehale ginn, a proposéiert, datt de Stufeplang an och déi ënnerschiddlech Zenarien, déi ofhängeg vun den Infektiounszuele kënne gräifen, via règélement grand-ducal festgehalen, an dann a Funktioun vun der Pandemie kënnen adaptéiert ginn.