"Ech wëll net an en Altersheem"Eng Seniorin wëllt anere Leit hëllefen, fir autonom ze bleiwen

RTL Lëtzebuerg
D'Marylène Kirsch wëll am Alter vun 80 Joer aneren Senioren hëllefen, fir am Alldag autonom ze bleiwen.
Eng Seniorin wëllt anere Leit hëllefen, fir autonom ze bleiwen
D’Marylène Kirsch wëllt am Alter vun 80 Joer aneren Senioren hëllefen, fir am Alldag autonom ze bleiwen.

Si erfënnt mat Alldagsgéigestänn Systemer, fir sech d’Liewen ze vereinfachen a wëllt dës Iddie mat aneren deelen. Zanter e puer Joer ass si schlecht op de Been an huet awer déi eng oder aner clever Iddie fonnt, fir eleng eens ze ginn, ouni een aneren ëm Hëllef ze bieden.

Wéi geet d’Dier fir den Hond nees zou? Wéi kréien ech eng Hondsklapp an eng gliesen Dier? Oder wéi kommen ech sécher d’Trapen erop an erof ouni ze falen?

D’Marylène huet fir all dës Problemer eng Léisung fonnt. Mir ware si heem besichen a waren erstaunt iwwert hir Erfindungen.

Back to Top
CIM LOGO