Manktem un DokterenEng Unisklinik zu Lëtzebuerg?

Annick Goerens
Et gëtt e Manktem un Dokteren am Land an d'Spidolsmedezin ass aktuell manner attraktiv – well manner lukrativ. Do si sech all d'Acteuren eens.
© RTL Archiv

Wei een dogéint soll a muss ugoen, do ginn d’Meenungen allerdéngs auserneen. D’Associatioun vun de salariéierten Spidolsdoktere fuerdert op alle Fall mëttelfristeg d’Schafe vun enger Unisklinik.

Een Unisspidol zu Lëtzebuerg? - Reportage Annick Goerens

Schonn 2019 huet d’ALEM, d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten e Sondage bei hire Membere gemaach. D’Presidentin Anne Eyschen: “Do hunn iwwer d’Hallschent vun de Leit gesot, dass d’Absence vun enger Unisklinik zu Lëtzebuerg de Grond ass, firwat se net zeréckkommen op Lëtzebuerg. Dat heescht op alle Fall fir jonk Dokteren ass eng Unisklinik eppes, wat e groussen Attraktivitéitsfacteur duerstellt a wat Lëtzebuerg géing méi attraktiv maachen.”

D’Studenten hu souguer eng konkret Propos - de Bochumer Modell: “Do war et sou, dass eng Unisklinik sollt gebaut ginn. Dat ass awer du wéinst finanzielle Problemer an de Verzuch geroden a dofir huet missen eng Iwwergangsléisung gesicht ginn. Do huet d’Bochumer Uni ee Kontrakt ënnerschriwwen, dass verschidden normal Spideeler zesummekomm sinn an den Zentrum fir Universitätsmedezin gegrënnt hunn. Dat sollt just eng Iwwergangsléisung sinn, ma dat huet awer du sou gutt geklappt, dass dat zu Bochum bliwwen ass, wou d’Studente kënnen an déi verschidde Klinicke goen, fir déi verschidde Fächer an der Uniklinik ze gesinn.”

Och d’Spidolsfederatioun verschléisst sech der Iddi vun engem Universitéitsspidol net. Allerdéngs misst ee fir d’éischt méi generell iwwer d’Medezinsstudien diskutéieren. Den Dr Philippe Turk: “D’Unisspidol ass u sech bal déi lescht Etapp vun där Diskussioun an do muss nach ganz vill gemeinsam iwwerluecht ginn, wéi dat kann ausgesinn. Mir brauchen an Zukunft nei Metieren, nei Kompetenzen an nei Funktiounen an de Spideeler. Mir mussen eis projezéieren op 2030-2035, fir ze kucken, wat mer am Gesondheetssecteur brauchen an dann déi adaptéiert Ausbildungen zesummen mat der Universitéit an dem Enseignement entwéckelen.”

Dat misst mat enger breeder Basis diskutéiert ginn, mat de concernéierte Ministère vun der Santé an dem Enseignement supérieur, sou de President vun der Spidolsfederatioun.

Wat d’Propos vum Bochumer Modell ugeet, seet den Dr Philippe Turk, dass effektiv hei am Land den Ament just ee Spidol am legale Kader vum „Enseignement et Recherche“ virgesinn ass. Dat ass den Stater CHL. Et wier awer och eng Realitéit, dass mëttlerweil an den anere Spideeler am Land Studenten ausgebilt ginn. Dofir géing d’Spidolsfederatioun sech och eng globaler Diskussioun iwwer verschidde Konzepter fir een Universitéitsspidol net verschléissen.

Back to Top
CIM LOGO