
Nëmmen 19% ware mat enger Kaart, an awer gëtt ëmmer méi dacks vun enger Welt ouni Boergeld geschwat. Ass dat iwwerhaapt méiglech?
D’lescht Joer hunn 28% vun den Englänner mat Boergeld bezuelt. Virun 10 Joer waren et der nach duebel esou vill. Och an anere Länner geet et Richtung manner boer Suen. D’Claire Alexandre vun Paypal beschreift ee gewëssenen Trend:
"Egal op dir op ee Land oder eng Selektioun vu Länner kuckt, denken ech, datt mir verschidde Preferenze gesinn. Et gëtt en Trend Richtung Welt ouni Boergeld oder éischter mat manner Boergeld."
Donnéeën, wéi d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg ausgesäit, leie keng vir. Zanter der Digitaliséierung hunn d’Leit ëmmer manner Suen am Portmonni an tendéieren zu neie Methode fir ze bezuelen. Et soll séier goen. Zum Beispill mam Handy.
Fréier hätt dir engem Frënd seng Sue boer erëmginn, wann dir an de Kino waart. Mä dacks mierkt dir, datt et laang dauert, bis dir är Kollegen erëmgesitt. Dat ass eng Méiglechkeet vun der digitaler Schnëttstell ze profitéieren.
2019 sinn Handy-Transaktiounen ëm 36% eropgaangen. Digital bezuelen huet vill Virdeeler, esou d’Claire Alexandre:
"Je pense qu’un monde avec beaucoup de transactions éléctroniques est un monde plus sûr, un monde qui permet au consommateur de faire des transactions avec des marchands qui sont sur l’ensemble de la planète. ça permet aussi aux gouvernements de mieux comprendre l’activité économique et donc pour les économies de croître de manière plus rapide."
D’Claire Alexandre mengt doriwwer eraus och, datt d’Bezuel-Gewunnechten a verschiddene Länner méi séier wäerten ännere wéi an aneren.
"Certains pays utilisent encore plus de cash et d’autres moins. Ce qu’on voit donc avec de plus en plus de services digitaux reflète la diversité d’habitudes de payements, la diversité des besoins, aussi des clients, que ce soit les consommateurs ou les marchands et je pense que cette diversité existera toujours."
Den Ament gesäit et net aus, wéi wann d’Boergeld ganz verschwanne géif. Mä et gëtt ëmmer manner a wie weess, vläicht bezuele mer a puer Joer op eng Aart a Weis, déi et elo nach guer net gëtt.
Serie Konsumenteschutz (4): Online-Handel aus China
Serie Konsumenteschutz (3): Iwwerliewe vu klengen Entreprisen
Serie Konsumenteschutz (2): Schutz a Sécherheet vu Verbraucher am Onlinehandel
Serie Konsumenteschutz (1): Konsequenze vum Online-Handel