
Op enger Konferenz iwwer d'Verbraucherrecht vum europäesche Verbraucherzentrum huet d'Nadine Kremer des Froe un de Nicolas Henckes an un de Bob Schmitz gestallt.
Wann se online kafen, da kafen d'Lëtzebuerger virun allem bei auslännesch Entreprisen. Dat well lëtzebuergesch Entreprisen nach Nohuelbedarf hunn, seet den Nicolas Henckes, Direkter vun der Conféderation luxembourgeoise du commerce: D'Avantagen ass, dass ee méi einfach a méi cibléiert un d'Clienten eru kennt an och iwwer dee Wee ee bessere Service kann ubidden. Mir mussen elo kucken, dass mir effektiv e Maximum vu klenge Geschäfter och online kréien, well mer hei zu Lëtzebuerg nach ënnerrepresentéiert si mat eise klenge Geschäfter um Internet.
D'Betriber mussen all Chance an all Kanal, fir hir Produiten ze verkafen, notzen: Dat mécht eis d'Welt op. Dat heescht fir d'Lëtzebuerger Entreprisen, déi op dëse Plattformen aktiv ginn, gëtt et och eng Méiglechkeet, wann een de richtege Produit huet oder och de richtege Service, eben och op der anerer Säit vun der Welt Produiten oder Servicer ze verkafen.
Mä den Online-Handel huet net nëmme positiv Säiten.
De Bob Schmitz, Conseiller vun den affaires publiques bei der ULC: De Problem ass, dass d'Leit vu wäit kafen, aus China an Amerika an effektiv net wëssen, wéi et da weidergeet. Éischtens wat d'Käschte si fir wann een eppes well zeréck schécken, wann eppes feelerhaft ass...Dat heescht d'Leit verléiere bëssen den Iwwerbléck, wou d'Saachen hierkommen.
Hie seet och, dass déi kleng Entreprisë riskéieren opkaaft ze ginn. Wa jiddereen online bei deene groussen Entreprisë keeft, dominéieren si de Welthandel. Besti just nach déi grouss, gëtt et och keng Konkurrenz méi an de Consommateur huet eng manner grouss Gamme vu verschiddene Produiten.
D'Léisung heescht dofir: Lokal akafen.
An natierlech ass och den Akaf beim lokalen Handel, an der Grenzregioun, dee leit do drënner. Also muss een oppassen, wann een och ee bëssen ëmweltbewosst ass, d'économie circulaire an och Preparatioune gär hätt, de Service après vente, vleit och bësse méi no vun doheem anzekafen esou vill wéi méiglech.Wat ass also besser? Bequem a séier vun doheem online bestellen oder déi lokal Geschäfter ënnerstëtzen? Dat muss jidderee fir sech selwer entscheeden.