"Baue wäert nach méi deier ginn"Enkpäss a Präishausse am Bausecteur

Pierre Weimerskirch
De Bausecteur ass den Ament enger staarker Präishausse beim Baumaterial ausgesat. Och kéint et an den nächste Méint zu Enkpäss kommen.
Enkpäss a Präishausse am Bausecteur
De Bausecteur ass den Ament enger staarker Präishausse beim Baumaterial ausgesat. Och kéint et an den nächste Méint zu Enkpäss kommen.

D’Bauen ass zu Lëtzebuerg an de leschte Joren ëmmer méi deier ginn. Déi aktuell Krise verschäerfen dat elo weider. D’Käschte fir verschidde Réistoffer sinn an de leschte Woche reegelrecht explodéiert. De Bausecteur fäert bei verschidde Produiten och Enkpäss, dat sot de Vizepresident vun der Handwierkskummer Paul Nathan.

Stol ass eng vun de wichtegste Matières Premièren am Bausecteur. Ferrac beliwwert grouss Bauentreprisen. Normalerweis huet een e Stock fir 3-4 Méint, aktuell hätt ee Material fir bis zu annerhallwe Mount op Reserven, esou de Luis Nunes, Gerant vun der Firma Ferrac.

Den Ament wier et schwéier, grouss Commanden ze maachen. De Präis vum Stol ass an de leschten zwee Joer extrem geklommen. Eleng duerch d’Corona-Pandemie zweemol, elo eng weider Kéier duerch de Krich an der Ukrain.

De Privatclient, dee Kontrakter ofgeschloss huet, muss elo net mat enger Hausse rechnen. An Zukunft wäert d’Bauen awer nach méi deier ginn. Nieft der Präishausse misst een an de kommende Méint mat Enkpäss an de Liwwerkette rechnen. Et kéint am schlëmmste Fall och zu Baustoppe kommen, esou de Paul Nathan, Vizepresident vun der Chambre des Métiers.

Déi Lokalproduktioun misst een elo stäerken. Et hätt ee Chance, datt d’Zementindustrie nach zu Lëtzebuerg täteg wier. Ma och déi Lëtzebuerger Stolwierker misst een am Land behalen. E weidere Pilier wier d’Kreeslafwirtschaft. Et misst een, wann all Gebaier ofgerappt ginn, besser recycléieren.

D’Schwieregkeet fir de Secteur wier, datt een den Ament wéineg Previsibilitéit hätt.

De Luis Nunes, Gerant vu Ferrac, sot, et géif een et bis de Congé Collectif packen, duerno misst ee gesinn. Et géif elo villes dovun ofhänken, wéi laang de Krich an der Ukrain unhält.

Back to Top
CIM LOGO