Bommeleeër-Bis-AffärEnn des Mounts kënnt et zum Appell-Prozess

RTL Lëtzebuerg
De 27. Oktober geet et lass, bis ewell si fënnef Verhandlungsdeeg ugesat.
Bommeleeër-Bis-Affär um Geriicht an der Stad.
© RTL

Enn Oktober kënnt et zum Appell-Prozess an der sougenannter Bommeleeër-Bis-Affär, dat kruten d'Kolleegen vum Wort säitens der Justiz confirméiert. De 27. Oktober geet et lass, an bis ewell sinn 5 Verhandlungs-Deeg ugesat.

Ugeklot sinn déi fréier Gendarmerie-Beamten an héijer Positioun : Pierre Reuland, Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler.

An éischter Instanz war jo just de fréiere Police-Generaldirekter Pierre Reuland wéinst Falschaussoen viru Geriicht zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis verurteelt ginn. Dogéint war hien an Appell gaangen.

Och de Parquet war net zefridde mat der Strof géint de Pierre Reuland an d'Fräispréch géint déi aner 3 Ugekloten, an ass och an Appell gaangen.

Am Prozess Enn d'lescht Joer goung et jo net ëm d'Attentater aus den 80er-Joren selwer, mä ëm presuméiert Falschaussoen wärend dem Bommeleeër-Prozess an de Joren 2013 an 2014.

Back to Top
CIM LOGO