Virun engem hallwe Joer gegrënntËnnert der Alva komme Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung zesummen

RTL Lëtzebuerg
Zënter engem hallwe Joer gëtt et d'Alva, d'Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung.
Ënnert der ALVA komme Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung zesummen
Zënter engem hallwe Joer gëtt et d’ALVA, d’Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung.

Déi verschidde Servicer gouf et och scho virdrun, mä et ware véier verschidden Entitéiten, déi an dräi verschiddene Ministèren doheem waren.

Dat ass elo alles bësse méi einfach ginn. D’Alva steet ënnert der Tutelle vum Landwirtschaftsminister an dee war sech elo op Diddeleng de Laboratoire vun der Verwaltung ukucken.

Dee Laboratoire ass direkt nieft dem LNS, dem Gesondheetslaboratoire an dat ass net vu Muttwëll. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen:

“Et huet ee jo een Zesummespill tëschent Krankheete bei den Déieren a Krankheete bei de Leit. Dat brauch ech Iech mat Corona net z’erklären an dofir ass et ganz wichteg, datt mer dat Zesummespill hunn tëschent Veterinärslabo, Déierewuel, Liewensmëttelsécherheet an LNS, deen dat Ganzt och kuckt par rapport zu de Mënschen an dat Zesummespill gëtt och weider gefërdert.”

Am staatleche Laboratoire fir Veterinär-Medezin, deen et schonn zënter 2017 zu Diddeleng gëtt, ginn zum Beispill doudeg Vullen ënnersicht - Stéchwuert Vullegripp. Déi mécht de Leit am Laboratoire den Ament och e bësse Suergen, wéi d’Dokter Manon Bourg seet.

“Well an den Nopeschlänner immens vill Fäll sinn. Virun e puer Joer hate mer déi afrikanesch Schwéngspescht op der belscher Grenz. Deen Ament ware mer do méi beonrouegt oder besuergt, mä wéi gesot den Ament ass et d’Vullegripp, déi grasséiert a wou mir natierlech och mat bedeelegt sinn, fir déi Surveillance ze maachen, dass kee gréissere Problem zu Lëtzebuerg opdaucht. A wann, dann hëllefe mer an der Bekämpfung andeems mir esou séier wéi méiglech d’Analyse maachen.”

Iwwert d’Joer ginn am Laboratoire fir Veterinär-Medezin méi wéi 350 Autopsië gemaach an iwwer 300.000 Analysen.

Dat si gréisstendeels veterinärmedezinesch Analysen, eng 7.500 Analyse stinn am Zesummenhang mat der Liewensmëttelsécherheet.

Den Direkter vun der Alva, den Dokter Felix Wildschütz explizéiert, datt seng Verwaltung elo d’Kontroll vun der kompletter Liewensmëttelketten huet. Se kontrolléiert d’Liewensmëttel vum Feld bis op den Dësch.

Back to Top
CIM LOGO