Entschiedegung no HéichwaasserEnveloppe gëtt vu 50 op 100 Milliounen Euro erhéicht

RTL Lëtzebuerg
Nom Regierungsrot huet sech de Premier Xavier Bettel e Mëttwoch de Mëtteg och zu der aktueller Corona-Situatioun geäussert.
Briefing mam Premier
Enveloppe gëtt vu 50 op 100 Milliounen Euro erhéicht

Resumé Pressekonferenz Xavier Bettel / Rep. Pit Everling

"Mir musse weider mam Virus liewen, grad wéi och mat enger méiglecher véierter Coronawell, wou d'Zuel vun Neiinfektioune wäert eropgoen", dat sot de Staatsminister e Mëttwoch virun der Press, nodeem de Regierungsrot beienee war. Ee Grond fir d'Hausse vun den Zuelen ass dem Xavier Bettel no de Retour aus de Vakanzen.

D'nächst Woch mécht d'Regierung dann och de Point iwwert dat neit Covid-Gesetz, well déi aktuell Texter Mëtt September auslafen. Et wäert sécher net zu méi labbere Mesurë kommen, dat huet de Xavier Bettel e Mëttwoch kloer gemaach.

De Motto ass weider, sech impfen ze loossen. 5 Patiente leien iwwerdeems mam Coronavirus op der Intensivstatioun. Dës Persoune sinn net geimpft. Dofir huet de Premier eng weider Kéier den Appell gemaach, datt d'Leit sech sollen impfe loossen.

Héichwaasser: Staatlech Hëllefs-Enveloppe gëtt verduebelt

Sou eng Naturkatastroph gouf et zu Lëtzebuerg nach net, sou huet de Premier Xavier Bettel nom Regierungsrot d'Iwwerschwemmunge vu viru 5 Woche kommentéiert. De Lien mam Klimawandel wier evident.

Wat d'Konsequenzen no der Héichwaasserkatastroph vum Juli ugeet, gouf e Mëttwoch de Moien en éischte Bilan vun der Krise-Gestioun bannent der Regierungsekipp gemaach.

D'Schied gi bis elo op knapp 50 Milliounen Euro chiffréiert. Well dat e provisoresche Bilan ass, gëtt déi staatlech Hëllefs-Enveloppe verduebelt, vu 50 op 100 Milliounen Euro. Dëst, well een aktuell scho bei Estimatioune vu ronn 49 Millioune Leit an nach net jidderee seng Demande eragereecht huet.

143 Privatleit aus 30 Gemengen hunn eng Demande erageschéckt, fir eng Aide unzefroen. Och 150 Betriber hu sech gemellt. D'Analyse lafen, fir ze kucken, wat ee bei sou enger Katastroph an Zukunft nach ka besser maachen.

D'Gouv-Alert-App gëtt iwwerdeem ersat duerch en neie GSM-Warnsystem, deen ouni App funktionéiert.

"Mënschlech Tragedie am Afghanistan"

Am Afghanistan erliewe mer eng mënschlech Tragedie, sou kommentéiert de Staatsminister d'Arrivée un der Muecht vun den Taliban.

Déi international Communautéit hätt et net fäerdeg bruecht, e valabele Projet am Afghanistan ze realiséieren. Et hätt een alles gemaach, fir d'Lëtzebuerger Residenten aus dem Land erauszehuelen. Ënner anerem gouf et en enke Kontakt mat eisen Nopeschlänner, déi eis gehollef hunn, sou de Premier.

De Xavier Bettel hofft, datt déi europäesch Solidaritéit spillt, an datt Leit, déi menacéiert ginn, eng Perspektiv kréien.

De Replay vun der Pressekonferenz

D'Pressekonferenz mam Xavier Bettel am Replay
D'Themen, déi de Premier ugeschwat huet, waren: Hëllef no Héichwaasser, Situatioun am Afghanistan a Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO