Gemengewalen 2023Eréischt 12,5 Prozent vu walberechtegten Auslänner ageschriwwen

Anne Wolff
D'Zuele weisen, dass et am Beräich Auslännerwalrecht nach Sputt no uewe gëtt.
Gemengewalen: Eréischt 12,5 % vu walberechtegten Auslänner ageschriwwen
D’Zuele weisen, dass et am Beräich Auslännerwalrecht nach Sputt no uewe gëtt.

Fir dës Gemengewale kann theoretesch jiddweree wielen, deen zu Lëtzebuerg wunnt. D’Reegel, dass een als Auslänner muss fënnef Joer hei am Land gelieft hunn, éier ee wielen dierf, ass jo ewechgefall.

Bis ewell hu sech awer eréischt 12,5 Prozent vun de potentielle Wieler ageschriwwen. Rechent een déi Leit eraus, déi nach vun de leschte Gemengewalen ageschriwwe sinn, hu sech zanter Juli souguer eréischt eng 5.700 Net-Lëtzebuerger ugemellt, fir wielen ze goen. Besonnesch bei de méi jonke Leit ass den Taux d’inscription niddreg, mat grad emol 1 Prozent fir d’Alterskategorie 18-24 Joer.

Opfälleg ass, dass ënnert de potentielle Wieler sech nieft Portugisen haaptsächlech Leit aus Nordeuropa ageschriwwen hunn.

De Syvicol-President Emile Eischer erkläert sech déi héich Participatioun vu Leit aus Nordeuropa domat, dass do d’Gemenge vill méi Pouvoir hätten a sech hir Aarbecht méi am alldeegleche Liewe vun de Residente weise géif. A Südeuropa wier dat manner de Fall.

Op d’Gemenge verdeelt ass deen héchste Prozentsaz bei den Aschreiwungen zu Bech, d’Stad Lëtzebuerg läit mat grad emol 8 Prozent relativ um Schluss. An dat, obwuel den Auslännerundeel hei an der Majoritéit ass, bal dräi Véierel vun den Awunner sinn hei Net-Lëtzebuerger.

Iwwert eng Campagne probéiert een am Familljeministère an iwwert d’Gemengen, d’Leit trotzdeem nach z’erreechen. Wie wiele wëllt, ka sech nach bis de 17. Abrëll entweder Online iwwert myguichet.lu oder an der Gemeng selwer aschreiwen.

PDF Schreiwes Ministère

Back to Top
CIM LOGO