
Eng dovun huet mussen aus hirem Gefier erausgeschnidde ginn. Op der Plaz waren d‘Pompjeeën aus der Stad a vu Monnerech an Esch, den Escher Samu an d‘Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.
Kuerz virun 3 Auer sinn an der Stad um Boulevard Joseph II zwee Autoen net laanschtenee komm. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.
E Freideg am fréien Owend gouf et nach op der A31 direkt hannert der franséischer Grenz eng Kollisioun mat 5 Gefierer. Hei goufen zwou Persoune blesséiert.
A géint 20 Auer ass op der Streck tëscht Gréiwels a Kietscht en Auto an e Bam gerannt. Zwou Persoune goufen dobäi verwonnt. Op der Plaz waren nieft dem Ettelbrécker Samu d’Ambulanze vu Réiden an aus der Nordstad, genee wéi d‘Pompjeeë vu Gréiwels a Rammerech.