
Beim Assurancëgrupp Foyer geet eng Ära op en Enn. No 4 Joerzéngten an den ieweschte Gremie vun der Gesellschaft gëtt de François Tesch de Poste vum President un den Eric Kleynen of a verléisst de Conseil vu Foyer SA. Dat gouf an der Generalversammlung vum Grupp zu Leideleng annoncéiert.
De François Tesch bleift mat sengen 72 Joer awer administrateur délégué vu Foyer Finance, der Mammegesellschaft vum Foyer. Den neie President vum Foyer, de Belsch Eric Kleynen, ass zanter 2 Joer am Verwaltungsrot a war virdrun bei AXA a Belfius aktiv.
Op der Generalversammlung goufen och d’Konte vum Grupp Foyer guttgeheescht, wou den konsolidéierte Boni vun 160 op 148 Milliounen erofgeet, dat bei engem Chiffre d’Affaires vu ronn 2,4 Milliarden.
Beim Grupp Foyer schaffen aktuell eng 1.500 Leit, gezielt ginn iwwer 390.000 Clienten.