Wéinst CoronavirusEscher Kavalkad ofgesot, ICT Spring gëtt verluecht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Escher Gemeng e Méindeg de Mëtteg matgedeelt huet, gëtt d'Kavalkad mam traditionellen Ëmzuch e Sonndeg annuléiert.

Och d'Soirée brésilienne "One Night in Rio", de Kannerfuesbal an déi 1. Escher Kapesëtzung si vun der Annulatioun betraff. Grond ass d'Gefor vun enger Infektioun mam Coronavirus op esou engem groussen Evenement. Et sollt déi 19. Editioun sinn.

D'Technik-Foire ICT-Spring, déi eigentlech den 12. an 13. Mee sollt ofgehale ginn, gëtt wéinst der Gefor vum Coronavirus op e spéideren Datum verréckelt. Als neie Rendez-vous gouf de 7. an 8. Juli festgehalen.

Dës Lescht goufe schonn eng Partie gréisser Evenementer wéinst der Gefor virun der Verbreedung vum Coronavirus ofgesot, dorënner d'Ex-Fréijoersfoire, de Relais pour la Vie an de Postlaf.

RTL-Artikel: Coronavirus a Frankräich: All Manifestatioune mat méi wéi 1.000 Leit si verbueden
RTL-Artikel: Coronavirus an Däitschland: Grouss Manifestatioune mat méi wéi 1.000 Leit sollen ofgesot ginn

PDF: Escher Kavalkad annuléiert (9.3.2020)

Back to Top
CIM LOGO