Remembrement ministériel
Et gi sëllege Beispiller, wou op d’mannst d’Intentioun do war, fir vill Wunnengen ze bauen, mee wou den Enthusiasmus séier fort war, well d’Projeten duerch Prozeduren, déi schleefen, éiweg net realiséiert konnte ginn.
De Projet “Itzigerknupp” zu Bouneweeg, mat ronn 785 Logementer fir 2000 Leit, ass et gutt Beispill. Dëse war nämlech schonn 2013 am Stater Gemengerot ugeholl ginn. Eréischt 10 Joer duerno - am Dezember zejoert – gouf d’Finanzéierungsgesetz an der Chamber ugeholl.
Dee gréisste Problem, dee Jore Retard bruecht huet, war, dass d’Terraine verschiddene Proprietäre gehéiert hunn an ee sech iwwer d’Verhältnisser net eens gouf.
Am Dezember an der Chamber hunn d’Stater Buergermeeschtesch an den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach ze bedenke ginn, dass dat net esou laang geschleeft hätt, wann et d’Méiglechkeet vum “Remembrement ministériel” net scho ginn hätt. Also d’Méiglechkeet, dass den Inneministère Terraine regroupéiert, fir e Projet ze realiséieren.
Déi Iddi gouf schonn ënnert dem viregten Logementsminister Henri Kox developpéiert. Domat wëll ee verhënneren, dass een eenzege Proprietär ganz grouss Wunnprojeten, déi dréngend gebraucht ginn, blockéiere kann. Nëmmen en entspriechende Gesetzprojet ass nach net duerch d’Chamber.
Keng Äntwert heescht Jo
Eng aner Mesure war och grouss annoncéiert ginn: de “Silence vaut accord”. Wann eng Demande, fir ze bauen, bannent engem gewëssen Delai kee Refus respektiv Accord vum Buergermeeschter krut, gëllt dat als Jo.
Et ginn den Ament eréischt Iwwerleeungen a Gespréicher gefouert, fir en Text auszeschaffen, fir dëse Prinzip anzeféieren, ënner anerem bei der Baugeneemegung. Dat krut RTL schrëftlech aus dem Inneministère confirméiert. Do wär och de Gemengesyndikat Syvicol mat um Dësch.
Fir d’éischt gëtt am Kader vum Logementsdësch awer nach en Aarbechtsgrupp gegrënnt, dee sech mat deem Thema befaasst. An Aarbechtsgrupp heescht meeschtens: et steet ee ganz um Ufank.
Eng Kritik war, dass d’Administratiounen wéinst de villen Demanden net méi no kéimen, d’Delaien dofir reegelméisseg iwwerschratt géife ginn, an doduerch iwwerméisseg vill an net kontrolléiert gebaut kéint ginn.
Fir dass dat net geschitt, ginn wuel och Iwwerleeungen gefouert, wéi een déi ganz Prozesser kann digitaliséieren, Stéchwuert Guichet unique. Eng administrativ Vereinfachung. Mee et muss ee festhalen: D’Regierung weess nach net, wéi déi genee Prozedur ausgesäit – virop a Saachen Delaien. Wat awer net heescht, dass et Prinzip vum “Silence vaut accord” nach guer net gëtt.
Den Ëmweltministère präziséiert op Nofro hin, dass et dee Prinzip iwwert en Europäescht Reglement gëtt, wann een eng kleng Photovoltaik-Anlag, mat enger Leeschtung ënner 50 Kilowatt, installéiere wëll. Den Delai läit bei engem Mount. Am Fall wou d’Gemeng an deem Delai keng Decisioun matgedeelt huet, gëllt de “Silence vaut accord”.
D’Regierung wëll awer och préiwen, ob et méiglech ass, dass een fir Photovoltaikanlagen op Wunnhaiser guer keng Baugeneemegung méi brauch.