
Virun allem mécht sech bei der consultativer Mënscherechtskommissioun, dem Staatsrot an der Salariatskummer Onverständnes breet.
Et wier een iwwerrascht, dass d’Regierung de Lockdown schonn no 10 Deeg nees wéilt ophiewen, obwuel jo ëmmer gesot gi wier, dass een Zäit bréicht, fir d’Entwécklung ze suivéieren. Dat huet d'CCDH, déi consultativ Mënscherechtskommissioun, an hirem Avis geschriwwen. Et wier dann zum Beispill och net koherent, d’Obligatioun fir den Teletravail an der Fonction Publique ofzeschafen, wann et national an international d’Recommandatioun gëtt, esou vill et geet vun doheem ze schaffen.
D’CCDH huet allgemeng Problemer ze verstoen, wisou et grad elo zu Lockerunge kënnt. Och am Rapport vun der Santé géif stoen, dass den aktuelle Kontext keng manner strikt Mesurë géif erlaben.
Well een d’Iwwerleeunge vun der Regierung dowéinst net kéint novollzéien, kéint een déi proposéiert Mesuren och net analyséieren.
Wat d’Ausgangsspär ugeet, wier een zwar frou, dass dës nees no hannen op 23 Auer owes geréckelt gouf. De Couvre-feu wier awer nach ëmmer een immens staarken Agrëff an déi perséinlech Fräiheet an aus dem Gesetzesprojet géing net ervirgoen, wat dës Mesure an der Lescht bruecht hätt.
Op deen nämmlechte Wee geet d’Salariatskummer. D’Regierung hätt et verpasst, méi genee ze kucken, wéi eng Mesure och wierklech eppes bréngt a wéi eng net. Ausserdeem bedauert d’CSL, dass nach ëmmer kee sanitäre Plang ausgeschafft gouf. Domadder wier et méiglech, mat méi Virlaf op d’Kris ze reagéieren. Bis ewell wieren d’Gesetzesprojeten nämlech ëmmer mat Urgence un déi verschidden Institutiounen kommunizéiert ginn.
Fir d’CSL ass et och onbedéngt noutwenneg, Mesuren ze ergräifen, fir d’Santéspersonal ze entlaaschten. Dat géing nëmme mat enger méi nohalteger a laangfristeger Strategie goen. Donieft kritiséiert d’CSL, dass d’Impfstrategie vun der Regierung nach ëmmer immens vage wier.
Och de Staatsrot hält a sengem Avis fest, dass et ganz schwiereg wier, d'Situatioun ze bewäerten. Den Notze vun de leschte Mesurë kéint een nach net kloer gesinn. Et géife verschidde Lockerunge proposéiert ginn, ouni Explikatiounen ze ginn.
Allgemeng weise sech déi verschidden Avisen also relativ onsécher, wat d’Logik hannert den neien Decisiounen ugeet.
Obwuel déi consultativ Mënscherechtskommissioun zum Beispill begréisst, dass de Commerce an d’Kultur, esou wéi och de Sport zum Deel nees kënne stattfannen, géing ee sech froen, ob wéi enger Basis sech dës Entscheedunge justifiéiere loossen.
De Fait, dass d’Effikassitéit an domadder d’Noutwendegkeet vun eenzele Mesuren net nogewise ginn, géing ee riskéieren, manner kredibel ze wierken. D’CCDH betount dowéinst, dass dat zu engem Vertrauensverloscht kéint féieren.
