Vampir-Tentefësch bei Ausgruewung fonnt"Et ass ganz rar, dass een e Fossil fënnt, wat eng Narungskette beschreift"

Pierre Weimerskirch
Et ass déi éischt Kéier, dass zu Lëtzebuerg eng Decouverte gemaach gouf, wou novollzu konnt ginn, wat verschidde Mieresdéieren aus der Jura-Zäit giess hunn
© Naturmusée

De Robert Weis ass Paleontolog am Naturmusée an ass Deel vun der Ekipp, déi um Fossil gefuerscht huet. Rezent huet een elo zwou Publikatioune verëffentlecht.

“Et ass déi éischte Kéier, wou mer e fossille Fësch beschreiwen, deen e Vampir-Tëntefësch am Bauch huet. An enger zweeter Etüd hu mer e Vampir-Tëntefësch beschriwwen, deen dann och kleng Fësch gefriess huet.”

Den Tëntefësch ass eng nei Aart, gedeeft gouf en op den Numm Simoniteuthis michaelyi - nom Jo Simon, dee mat un der Decouverte geschafft huet. De Michaeli ass e Clin d’oeil un den Direkter vum Naturmusée.

Ausgruewung “Lost Ocean”

D’Stéck huet ee bei enger Ausgruewung am Mee 2022 fonnt. Dat zu Käerjeng fir de Projet “Lost Ocean”.

Käerjeng ass weltwäit bei Paleontologe bekannt, als eng Plaz, wou ee vill Fossille fënnt. An dem Eck goufen ënnert anerem scho Reschter vu Landinsekten a vun engem Plesiosaurus (Microcleidus melusinae) fonnt.

Plesiosaurier gouf zu Lëtzebuerg preparéiert an analyséiert
Microleidus Melusinae, esou ass de Plesiosaurier gedeeft ginn, deen zanter e puer Méint am Naturmusée steet.

Wat ass iwwerhaapt e Vampir-Tëntefesch?

Et wier e ganz interessant Déier, erkläert de Robert Weis. De Vampir_Tëntefesch ass e sougenannt liewegt Fossil. En Déier, dat et scho viru Millioune Joer gouf, ma awer och haut nach existéiert.

“Haut gëtt et nach eng eenzeg Zort, de Vampyroteutis infernalis, déi lieft am Mier op enger Déift vun 1.000 Meter. Déi Fossilien aus der Jura-Zäit fanne mer an de Schichten, déi sech hei zu Lëtzebuerg ofgelagert hunn am Süde vum Land.”

Et wier eng ganz speziell Decouverte. De Robert Weis: “Et ass ganz rar, dass een e Fossil fënnt, wat eng Narungskette beschreift. Dat heescht, dass een e Fossil fënnt, wou nach d’Reschter vun deem, wat e gefriess huet, ier et gestuerwen ass, mat fossiliséiert goufen. An dat hu mer elo an dësem Fall direkt zweemol.”

Eng Kéier Fësch, wou nach Reschter vun Tëntefësch an hirem Bauch ze fanne waren. Am anere Fall de Vampir-Tëntefësch, wou och als fossil Ofdréck erhale bliwwe sinn an een zwee ganz kleng Fësch an den Tentakel erkennt.

Och Réckstänn vun Tënt fonnt

D’Tëntefësch hunn eng Zort Skelett. D’Exemplar vu Käerjeng huet knapps 40 Zentimeter. Nieft 8 sougenannte Fanger goufen am Gestengs och Réckstänn vu fossiller Tënt fonnt.

Datt een dës Mieresbewunner am Süde vum Grand-Duché fonnt huet, war keen Zoufall. Och an der Vergaangenheet hätt ee schonn Deeler vun anere Vampir-Tëntëfësch fonnt: “Zu Lëtzebuerg awer nach ni Reschter, wou mer och elo endlech wëssen, wien déi gefriess hunn a vu wiem se gefriess gi sinn?”

Wëssenschaftlech Publikatioun 1
Wëssenschaftlech Publikatioun 2

Back to Top
CIM LOGO